De Carlo Wagner koum den 3. Juli 1953 op d’Welt a war an der Regierung Juncker/Polfer vun 1999 bis 2004 Gesondheetsminister a Sozialminister. Duerno souz hie fir d’DP nach als Deputéierten an der Chamber. Hie war eng 1. Kéier 1994 an d’Chamber gewielt ginn. 2013 huet de Carlo Wagner net méi kandidéiert.
De Miseler Politiker hat Economie an Sozialwëssenschafte studéiert a war an senger politescher Karriär ënnert anerem och Generalsekretär vun der DP a Buergermeeschter vu Wuermer.
An engem Interview 2013 bei eis um Radio gouf de Carlo Wagner gefrot, wat hie besonnesch vu senger politescher Karriär zeréckbehält. An der Securité sociale huet en hei de berüümte Rentendësch ernimmt. An der Santé war et de Plan hospitalier, deen hien initiéiert hat an duerch deen zu Lëtzebuerg d’Synergie-Politik richteg un d’Lafe komm wier.
News
De Carlo Wagner hannerléisst seng Fra an dräi Kanner.
D’RTL-Redaktioun dréckt der Famill eist déifste Matgefill aus.
“Ech wosst, datt de Carlo net gutt war déi lescht Zäit. Virun e puer Wochen hu mer telefonéiert. Mir hunn ofgemaach, datt wann d’Covid-Zäit eriwwer ass an hien nees kärgesond ass, datt mer eis da géingen treffen, datt ech him de Staatsministère géing weisen, an datt mer eng Taass Kaffi géingen drénken.”
Mam Carlo Wagner géing een awer virun allem e patente Frënd verléieren, mat deem ee vill agreabel Amenter verbruecht hätt. Den “Nauen” hu mer e genannt, seet den Henri Grethen.
“Am Regierungsrot huet de Jean-Claude Juncker de Carlo eng Kéier wollten op de Grill setzen an en huet ëm eng ganz technesch Fro gestallt. Dunn huet de Carlo an senger Aart geäntwert. “Här Staatsminister, dat ass eppes ganz ‘Naues’”.
1999 hätt hie mam Carlo Wagner zesummen d’Regierungsbedeelegung gefeiert an 2004 hätt ee bei der Sortie gemeinsam gelidden, sou nach de fréiere Minister Grethen.
“Hie war e flotte Kärel a léiwe Kärel. Et deet mer schrecklech Leed.”
Den CSV-Politiker Frank Engel huet an de sozialen Netzwierker op den Doud vum Carlo Wagner reagéiert. Hie wier e Mënsch gewiescht, mat deem ee ganz éierlech iwwer Politik schwätze konnt, mee och herrlech laachen, erënnert sech de Parteipresident un hir gemeinsam Zäit.
D’DP trauert ëm hire Frënd a fréiere Minister Carlo Wagner (1953-2021)
De Carlo Wagner krut d’Politik souzesoen an d’Wéi geluecht. Säi Papp, den Dokter Charel Wagner, war schonn DP-Deputéierten fir de Bezierk Osten. Dem Carlo Wagner säi politesche Parcours ass iwwert d’Presidence an der JDL, respektiv vum Bezierk Osten, an iwwert de Poste vum Generalsekretär vun der DP gaangen. 1994 ass hie fir d’éischt an d’Chamber gewielt ginn (bis 1999 a vun 2004-2013). No de Wale vun 1999 war de Verstuerwene bis 2004 Gesondheets- a Sozialminister an der Regierung Juncker-Polfer.
Als Minister huet de Carlo Wagner um Rentendësch fir eng substantiell Erhéijung vum Grondbetrag vun de Pensioune gesuergt. Ënnert senger Responsabilitéit sinn awer och déi sougenannten Hongerrenten ofgeschaaft ginn. De Carlo Wagner huet méi Gerechtegkeet an den deemolege Rentesystem bruecht.
De Carlo Wagner war extra enk mat senger Heemechtsgemeng Wormer verbonnen, där hire Buergermeeschter hie vun 1994-1999 war. Als Ost-Deputéierten huet hie sech virop fir de Wäibau, den Tourismus an de Mëttelstand agesat.
No sengem Réckzuch aus der Politik hat de Carlo Wagner nees méi Zäit fir seng Fräizäit, an där hie vill mat Frankräich a mam Tour de France verbonnen huet.
Mam Carlo Wagner verléiere mir ee verdéngte Politiker an e patente Frënd, mat deem mir vill agreabel Amenter verbruecht hunn.
D’DP seet senger Fra Marie-Paule, senge Kanner Valérie, Eric a Charel, der ganzer Famill a senge Frënn hiert éierlecht Bäileed.