
Op der Plaz waren d’Ambulanze vun Iechternach, Jonglënster, Lëntgen an aus der Stad, grad ewéi de Samu, d’Stater Pompjeeën an d’Pompjeeë vun Nidderaanwen.

Kuerz virun 18.30 Auer ass en Auto tëscht Mäertert a Schäferrieder accidentéiert. Dobäi gouf eng Persoun méi schro an eng Persoun méi liicht blesséiert. Och hei huet de Samu mussen an den Asaz, grad ewéi Ambulanze vu Mäertert a Jonglënster, an d’Pompjeeë vu Manternach a Mäertert.

E Brand gouf et géint 17.45 Auer zu Biergem an der Grand-Rue. Hei hat d’Annexe vun engem Eefamilljenhaus gebrannt. D’Pompjeeë vu Monnerech a Keel hu geläscht.
