Lex DellesMéi Hëllefe fir Betriber an den Horeca-Secteur

Tim Morizet
Och Entreprisen, déi nom 1. Januar 2020 gegrënnt goufen, kënnen elo eng Demande op Hëllefe maachen.
Méi Hëllefe fir Betriber an den Horeca-Secteur
Och Entreprisen, déi nom 1. Januar 2020 gegrënnt goufen, kënnen elo eng Demande op Hëllefe maachen.

En Donneschdeg goufe se ugekënnegt an e Méindeg de Mëtteg an der Stad offiziell presentéiert. Et gi méi Hëllefe fir d’Betriber, dorënner och fir den Horeca-Secteur, fir dësem weider ënnert d’Ärem ze gräifen. Och déi méi jonk Betriber stinn am Fokus. Et misst een déi Betriber a Restauranten, déi trotz der schwiereger Situatioun opbleiwen, valoriséieren, esou de Mëttelstandsminister Lex Delles.

Nei Hëllefe fir Entreprisen / Tim Morizet

D’Covid-19-Pandemie an hir ekonomesch Konsequenzen treffe wichteg Deeler vun eiser Wirtschaft nach ëmmer ganz staark.“

A genee dofir hätt sech d’Regierung decidéiert, de Rassemblement un Hëllefe bis Juni ze verlängeren. Demande fir d’Aide Relance kann elo bis de 15. Mee ageschéckt ginn, d’Demande fir net gedeckte Käschten, d’Aide frais non-couverts, gouf bis de 15. September verlängert.

Genee hei soll och elo finanziell nogebessert ginn.

Déi Adaptatiounen, déi mer elo maachen, si méiglech duerch déi nei Ouverturen, déi mer vun der europäescher Kommissioun viru ronn zwou Woche kruten. Besonnesch d’Erhéijung vum Plaffong vun den Aidë gëtt eis nei Méiglechkeeten, eis verschidde Regimmer unzepassen.“

Eng vun de gréissten Upassunge gëtt et bei der Aide frais non-couverts. Betriber, déi op d’mannst 40% Verloscht gemaach hunn, kennen dës Hëllef ufroen. An deene Méint, an deene Betriber hu missen zoumaachen, gi vun elo un souguer 100% vun de Verloschter rembourséiert.

Och den Horeca-Secteur soll vun den neien Hëllefe profitéieren.

Och d’Ausliwwerungen an den Takeaway bei engem Betrib, dee muss zoubleiwen, gëtt an Zukunft zu engem Deel, bis maximal 25% vum Chiffre d’Affaire vum selwechte Mount 2019 immuniséiert. Dat heescht, datt dëse Montant net ewéi bis ewell bei de Recetten an der Aide frais non-couverts erausgerechent gëtt.“

Beispill: Wann e Restaurant am Februar 2019 en Ëmsaz vun 100.000 Euro gemaach huet an am Februar dëst Joer just 26.000 Euro mat Takeaway, da ginn dovu just 1.000 Euro als Recette gerechent. Och jonk Betriber, déi nom 1. Januar 2020 gegrënnt goufen, kréien elo d’Méiglechkeet, Hëllefen unzefroen.

D’Hëllef fir ongedeckte Käschten deckt an deem Sënn och d’Salaire vun den Patronen, also och den Independante mat of. E grousse Succès fir d’UEL, d’Unioun vun den Entreprisen, fënnt de President Michel Reckinger.

Extrait Michel Reckinger

Ech mengen, datt et sécherlech gutt ass. De Lex Delles huet dat elo gemaach, wat mir zanter Méint erwaarden a wat den Dan Kersch net wollt maachen. Hei kann een elo soen: „Mission accompli.“ Bei engem nächste Lockdown sinn d’Independanten domadder elo mat ofgeséchert an hu mer elo endlech kritt.“

D’Hëllefe mussen net zeréckbezuelt ginn, preziséiert de Mëttelstandsminister Lex Delles.

Eleng iwwert d’Classe Moyenne wiere bis ewell 300 Milliounen Euro vun Hëllefen un d’Leit gaangen.

D’Pressekonferenz am Replay

Back to Top
CIM LOGO