Dat ass d'Zil vun enger neier, landwirtschaftlecher Genossenschaft, där sech 19 Baueren ugeschloss hunn.

Mat manner Stéckstoffdünger an ouni Planzeschutzmëttel soll op de Felder geschafft ginn. Déi Responsabel vum Naturpark Uewersauer hunn de Kärenubau néi definéiert.

Weess, Spelz a Kor gëtt op de Felder ugebaut. Mat dëser neier Initiativ hofft een, de Baueren en neien Ureiz ze ginn, fir dës Kären unzebauen. Déi regional Vermaartung wär awer och wichteg. An hei kënnt dann och de Bäcker an d'Spill. Hie bezilt de Baueren e faire Präis fir hir Kären.

Aktive Waasserschutz bedreiwen. Dat wëllen déi 19 Baueren, déi sech där neier Genossenschaft "Käre vum Séi" ugeschloss hunn.

Zanter enger Woch gëtt et elo dës nei Genossenschaft. All weidere Bauer aus der Regioun vum Naturpark Uewersauer, deen Naturschutz bedreiwe wëll, ass wëllkomm.