Bouneweg
En Taxischauffer gouf vun engem onbekannte Mann attackéiert

Zu Bouneweg an der Rue des Romains koum et e Samschdeg den Owend géint 20 Auer zu engem gewalttätege Virfall.
En Taxischauffer war an der Rue des Romains stoebliwwen, deen Ament ass een Auto nieft him stoebliwwen. Den Automobilist ass aus dem Auto geklommen an huet widder d'Fënster vum Taxi geschloen. Dono koum et zu enger kierperlecher Ausernanersetzung, woubäi den Taxischauffer an d'Gesiicht geschloe gouf. Den Täter huet sech doropshin duerch d'Bascht gemaach.
D'Affer koum zur Kontroll an d'Spidol an eng Plainte gouf deposéiert.
Am meeschte gelies