Um Dënschdeg den Owend war d'Diane Dhur, Directrice vum CDSE live am Journal vun RTL Télé Lëtzebuerg.

Verhalensopfällegkeeten, Angschtstéierungen, Panikattacken, Schwieregkeete beim Léieren a sech net méi à même fillen, an d'Schoul ze goen. Alles dat sinn emotional Problemer, mat deene Kanner a Jonker den Ament confrontéiert sinn, Problemer, déi duerch d'Pandemie ausgeléist ginn, sot d'Direktesch vum CDSE, dat ass den Zenter fir sozio emotional Entwécklung, en Dënschdeg den Owend am Journal op Télé Lëtzebuerg.

D'Diane Dhur präziséiert, datt si an hir Ekipp tëschent Januar an der Fuesvakanz véier Mol méi Demanden no Hëllef kritt hunn, wéi déi selwecht Zäit d'lescht Joer. Hier fält och op, datt net just d'Elteren zum Deel verzweiwelt sinn, mä och d'Léierpersonal mellt sech ëmmer méi dacks a freet no engem Coaching, no Ënnerstëtzung.

D'Léierpersonal, esou d'Diane Dhur, wier zum Deel midd a matgeholl. Den Zenter fir sozio emotional Entwécklung proposéiert Jofferen a Schoulmeeschteren dofir, ënnert anerem, Coursen, wou si kënne léieren, Matgefill mat sech selwer ze hunn.

Eng wichteg Roll géifen natierlech och d'Eltere spillen. Hinne réit d'Diane Dhur zum Beispill, dofir ze suergen, datt d'Kanner sech vill beweegen a vill Zäit an der Natur verbréngen.

Si begréisst ausdrécklech, datt d'Schoulen elo erëm op sinn. Dat wier nämlech dat Eenzegt, wat de Kanner e Stéck Normalitéit géif ginn.

Diane Dhur iwwer Problemer vu Jonken / Reportage Dany Rasqué