Mam gudde Wieder géifen d’Leit sech dobaussen treffen, dacks ouni Reegelen ze respektéieren an ouni datt eng Kontroll méiglech wier.
Wären da kleng Dëscher op den Terrassen net besser, wéi grouss Gruppen am ëffentleche Raum?, freet d’Federatioun vun de Restaurateuren a Cafetieren.
D’Terrasse sollten direkt opgoen an de Verbuet, fir Alkohol dobaussen ze drénken, soll opgehuewe ginn. D’Infektioune géife klammen, obwuel d’Restauranten zanter iwwer 3 Méint zou sinn.
Fir d’Horesca schéngt et kloer, datt d’Caféen, d’Restauranten an d’Hotellen net de Grond sinn, datt de Virus sech verbreet.