
D’Lënster Gemeng an d’Fondatioun Hôpitaux Robert Schuman hunn e Memorandum ënnerschriwwen, mat deem e Radiologie-Zenter zesumme mat anere medezinesche Servicer wäert entstoen.
Deemno entsteet ënnert anerem e Cabinet, fir Röntgen an IRMe maachen ze loossen, wéi och eng Poliklinik.