Esch
De Ben Funck ersetzt den Dan Codello am Gemengerot

© RTL-Archivbild
Am Escher Gemengerot kënnt et zu enger Ännerung.
Den onofhängege Conseiller Dan Codello huet säi Mandat e Freideg ofgetrueden. Hien huet e Posten als Mataarbechter op der Gemeng ugeholl an dierf deemno net méi Conseiller bleiwen. Den Dan Codello war vun 2002 bis 2017 fir d’LSAP am Escher Gemengerot a vun 2013 un och Schäffen, ass awer dunn aus der Partei ausgetrueden an als Onofhängen am Gemengerot bliwwen.
Wéi d’Tageblatt schreift réckelt elo den Nächstgewielten op der LSAP-Lëscht, de Ben Funck, no. D’LSAP huet domat elo nees 6 Sëtz am Escher Gemengerot.
Am meeschte gelies