
De Verwaltungsrot vum Nordspidol huet eng Plainte géint X beim Parquet deposéiert, dat wéinst eventuellen Irregularitéiten, déi bei der interner Impfcampagne gemellt goufen. Dat huet d’Nordspidol e Méindeg matgedeelt.
Mat der Plainte wéilt de Verwaltungsrot vum Nordspidol garantéieren, datt eng onofhängeg an objektiv Enquête ka gemaach ginn. Fir ze verhënneren, datt et zu Irregularitéite kënnt a sécherzestellen, datt all d’Richtlinne vun der Santé respektéiert ginn, engagéiert sech d’Nordspidol och, konkret Mesuren op d’Been ze stellen. Den Direkter géing d’Iwwerwaachungsmesurë stäerken.