Den Dossier Police brauch Beweegung

© RTL Archiv
Et huet een d'Äerm eropgekrämpelt a sech ville Punkten ugeholl. Där Iwwerzeegung ass ee beim Gros vun de Parteien an der Chamber beim Thema Police.
Och wann et deem een oder aneren ze laang gedauert huet... E Méindeg huet de Minister fir bannenzeg Sécherheet, Henri Kox, säin Zukunftsplang fir d'Police Grand-Ducale och der Chamber presentéiert.
Op der Säit vun der Majoritéit ass ee sécher optimistesch, och wann een zougëtt, datt vill Aarbecht déi nächst Joren op Minister a Chamber zoukënnt, esou déi gréng Deputéiert a Presidentin vun der zoustänneger Kommissioun, d'Stéphanie Empain: "Et huet een d'Gefill, datt all Chantier elo grad gläichzäiteg op den Dësch kënnt an awer eng gutt Dynamik do ass, fir alles unzegoen. Et muss ganz vill gemaach ginn. Dat geet vun der Digitalisatioun, dem Visopol, dem Rekrutement bis zu der Zesummenaarbecht mat de Gewerkschaften, der Zesummenaarbecht mat den Agents Municipaux oder och dem "Platzverweis". Ech hunn net d'Gefill, datt jee eng Kéier esou vill Punkten um Dësch louchen."
De gréisste Sträitpunkt bleift awer de Rekrutement. Wärend de Minister sech optimistesch weist, gleeft ee bei der CSV net un dat 200-Wonner. Den CSV-Deputéierte Léo Gloden: "Menger Meenung no kréie se dat net hin, well vill Facteuren net a Consideratioun geholl goufen, ewéi d'Pensiounen, de Congé parental oder de Congé de Maladie. Et ass haut scho schwéier 2 bis 3 Patrullen ze besetzen a verschiddene Regiounen. Ech fäerten, datt trotz den Efforten, déi gemaach ginn, et nach eng Zäitchen dauert, bis datt et zu Verbesserunge kënnt."
Et wier een zefridden doriwwer, datt de Minister géif consideréieren, eng Sektioun fir Securitéit an de Schoulen unzebidde fir Jugendlecher, déi sech op esou e Beruff wëllen orientéieren, sief dat als Polizist, Agent am Prisong oder Agent Municipal, d'Méiglechkeet huet, sech fréizäiteg op esou eng Karriär virzebereeden.
D'Mesure vum laang diskutéierte Platzverweis geet der CSV awer nach net wäit genuch: "De Minister wëll leider de Platzverweis limitéieren op privat Accèse vun den Haiser. Dat geet net duer. Dacks huet ee jo Hausdieren, déi direkt un den Domain public grenzen, sief et un den Trottoir oder eng Foussgängerzon, an da kritt een dee Problem net behuewen."
Den Drock vun der ëffentlecher Säit, dem Public, ass, a gëtt ëmmer méi grouss – et wier ee forcéiert ze reagéieren, esou och d'Reaktioun vun der ADR. Et misst een d'Police iwwerall, wou et nëmme geet, entlaaschten. Sief et beim Gefaangenentransport, oder: "Virun allem d'Violence Domestic muss anescht ugepaakt ginn. Do misst als éischten Intervenant e Samu Social agefouert ginn, fir datt d'Police net direkt muss kommen. Meeschtens sinn dat Saachen, déi net direkt eng Interventioun vun der Police rechtfäerdegen, mee eng Berouegung vun der Situatioun – eng al Iddi vun der Caritas."
Esou der Fernand Kartheiser. Ma och d'Regionaliséierung géif weiderhin e grousse Probleem duerstellen: "Déi Regionaliséierung vun de Kommissariater geet an déi falsch Richtung. Wann een um Land eppes huet dann dauert et deels ganz laang, bis datt d'Police op der Plaz ass. Et sinn net vill Patrullen a se sinn all eloignéiert. Do gëtt et e grousse Chantier."
Et géif een hoffen, datt de Rekrutement dës Situatioun an Zukunft entspaant. Mee et misst och weider un der Struktur geschafft ginn. De Polizist bräicht och méi Kompetenzen. Dozou géif natierlech och de Platzverweis, esou d'ADR, gehéieren, ma och de Kontroll vun de Cartes d'identités.