Lafayette SA huet Gebai nieft der Cloche d'Or verkaaft

© Lafayette
De Pressegrupp St. Paul plënnert seng Servicer, Archiven a Redaktioune bannent den nächste Méint vu Gaasperech an en neie Siège op den Houwald.
Dës nei Gebailechkeet nieft der Cloche d'Or ass quasi fäerdeg a wiesselt ewell de Proprietär: D'Lafayette SA, déi haaptsächlech de Patrimoine vum Bistum geréiert, verkeeft dëst Bürosgebai un e schweedesch-schwäizereschen Investissementsfong, deen ënnert anerem der Privatbank Sarasin gehéiert.

© Lafayette
Wéi et an engem Schreiwes vu Lafayette heescht, huet d'Gebai eng Surface vu 14.000 Meterkaree, wou d'Redaktiounen an d'Zerwisser vu St. Paul dra kommen an nach bal 1.500 Meterkaree kënne verlount ginn.
Lafayette ass ganz aktiv am Baue vu Büros- a Wunnflächen a schafft aktuell op Chantieren, déi eng global Surface vun 30.000 Meterkaree ausmaachen.
D'lescht Joer war den Editeur vun ënnert anerem dem Wort an dem Télécran, de Grupp St. Paul, jo vum belsche Pressegrupp Mediahuis iwwerholl ginn, an der Suite dovunner waren 71 Mataarbechter vun iwwer 300 entlooss ginn.
Den LCGB hat doropshin dem neie belsche Patron reprochéiert, datt de Kollektivvertrag net géif respektéiert ginn.