Nodeems sech de Frank Engel an engem Schreiwes u seng Parteimemberen adresséiert hat, war den CSV-President Invité um Plateau am Journal.

A 6 Wochen ass digitalen CSV-Kongress, e Rendez-vous, deen determinant fir d'gréisst Oppositiounspartei ass, well all d'Gremien nei gewielt ginn - Ekippen, déi d'CSV an 2 Wale féieren.

Zanter dësem Mëttwoch ass dann och gewosst, datt de Frank Engel Kandidat ass, fir als President säin eegene Successeur ze ginn. An engem Schreiwes, dat RTL virläit, adresséiert hie sech u seng Parteimemberen a proposéiert op bal 20 Säiten eng Zort Programm, eng Skizz, fir eng Partei, déi soll duerchstarten, eng Partei awer och, déi nees soll zesummestoen - well un deem Zesummenhalt feelt et anscheinend.

CSV Kandidat Frank Engel / Reportage: Roy Grotz

Esou kann een dat soen, nodeems ee sech de Pabeier vum Frank Engel duerchgelies huet. Eng Bestandsopnam vun enger Partei, déi den Nach-President net wëll als Partei vun der Belibegkeet gesinn, eng Partei, déi selwer wëll féieren, amplaz just an enger Regierung matgeholl ze ginn.

Duerfir missten Alternativen zu den alen CSV-Pied a Weeër fonnt ginn, den Habitus, mat deem zanter 2013 keng Wale méi gewonne ginn, misst a Fro gestallt ginn. A fir dëst ze realiséieren, wëll de Frank Engel eng Propos maache vun enger Politik, Method an engem Erscheinungsbild - fir hie steet d'CSV fir de Lëtzebuerger Dram.

Interessant ass, wien de Frank Engel a sengem Dokument alles ernimmt a wien net: d'Wuert "Fraktioun" kënnt net grouss vir.

Da seet den Ex-EU-Deputéierten, datt d'CSV nees misst zeréck bei hir Memberen "d'Partei de Memberen erëmginn" heescht et - dat seet also, datt dat aktuell net méi de Fall ass, wou ee sech also muss froen, wien dann d'Partei nach duerstellt, wann et net d'Membere sinn.

Dem Engel-Manifest no, misst alles dru gesat ginn, datt d'Partei aus der Mëtt eraus 2023 net méi dierft déi zweet Gei spillen - aktuell awer hätt d'Partei de Bléck fir déi grouss Zesummenhäng verluer. Konkret Proposen, déi de Frank Engel mécht, sinn e Pandemiegesetz, dat inexistent wier, d'komplett Afrostelle vum Fonctionnement vum Santéssystem, en neit Opstelle vun der Kanner- a Jugendpsychiatrie an d'Schafe vun engem "Droit des entreprises en difficulté".

Gefrot gëtt sech am Dokument och, ob et wierklech sënnvoll wier, datt d'Joer iwwer eng 10.000 Leit de Lëtzebuerger Pass kréien, de Frank Engel fuerdert méi "stringent" Krittäre fir Lëtzebuergesch ze kënnen - aktuell géif e "laisser-faire" bedriwwe ginn.

Aner Iddie sinn d'Schafe vun engem Biergerrot, wéi an der Eupener Communautéit an d'Aféiere vun engem fräiwëllegen nationalen zivillen Déngscht.

Am Domaine Finanzen a Steiere freet de Frank Engel ënnert anerem, datt den "train de vie" vum Staat misst ënnert d'Lupp geholl ginn - Stéchwuert "budgetairen downsizing". Aner konkret steierlech Propositioune liesen mer keng. Och d'Reform vum Walsystem, eng Null-Toleranz-Politik géint den Trafic mat Drogen an d'Ofschafe vum Cumul vu politeschen Ämter schwiewen dem Frank Engel vir.

Jee, op 16 Säiten deklinéiert et den aktuellen CSV-Chef, wéi hien d'Partei wëll zu de Walvictoirë féieren - d'Transitioun misst lo gewot ginn. Wie prett ass, fir dat mam Frank Engel ze maachen, op engem "breede Wee duerch nei Landschaften", wéi hie schreift, misst hien de 24. Abrëll och wielen.

Weider Kandidaten hu sech fir d'CSV-Presidence nach net deklaréiert - allemol ass de Frank Engel de first mover - ob dat him déngt oder schued - egal wéi strieft hien net nëmmen no enger Fréijoersbotz, mä enger intensiver Renovatioun - wat duerno vum Haus CSV nach steet?!

Spannend...