Den Dossier gouf un de Parquet weidergeleet

© RTL Archiv
RTL-Informatiounen no dierft eng Enquête préliminaire opgemaach ginn.
Nodeem de Piraten-Deputéierte Sven Clement d'Faite vu Persounen, déi sech bei der Covid-Impfung virgedréckt hunn, ouni datt et un hirem Tour war, un de Procureur général weidergeleet hat, gëtt si deem eng Suite, a reecht den Dossier weider un de Parquet.
RTL-Informatiounen no dierft eng Enquête préliminaire opgemaach ginn.
Wann d'Enquête dann effektiv eng juristesch Suite kritt, dierft dëst wuel warscheinlech wéinst de Faite vun "Abus de confiance" an "Prise illégale d'intérêts" sinn.
De Sven Clement hat sech och en Dënschdeg am RTL-Interview erkläert a gemengt, datt de Fall vun der Vaccinatioun vum Henri Grethen als President vun de Stater Hospices Civils géif weisen, datt et ouni Konsequenzen net zu engem Ëmdenke géif kommen.
"Et ass eng Frechheet... D'Impfdosisse sinn nach ëmmer knapp, an trotzdeem géif et eng Mentalitéit vu Self-Service a verschidde Verwaltungsréit ginn..."
Sou kommentéiert wuertwiertlech de Piraten-Deputéierten d'Faite vun deenen, déi sech anscheinend bei de Vaccinatioune virgedréckt hunn.
De Piraten-Deputéierte wéisst och nach vu weider Fäll:
Wéi gesot ass lo de Parquet mat enger Enquête befaasst.
Wat d'vill-diskutéiert Vaccinatioun vun den 3 Verwaltungsrotsmembere vum Spidolsgrupp Robert Schuman ugeet, hat d'Gesondheetsministesch Lenert am Quotidien vun enger "Interpretatiounsdivergenz" geschwat mee net vun "Onéierlechkeet".