Si si manner vun der Krankheet selwer betraff, mä méi vun der aktueller Situatioun. Wéi geet et de Kanner an der Coronapandemie? Dës Fro huet d’Etüd CovidKids versicht, ze beäntweren. Dofir goufen Donnéeën tëscht Mee a Juli 2020 erhuewen. Well mir awer nach matzen dra sinn an der Pandemie, wier et wichteg, nach emol eng Ëmfro ze starten a vläicht och mat méi Kanner ze schwätzen.
Et feelt ganz einfach u Suen. D’Etüd CovidKids, déi vun der Unicef, der Uni Lëtzebuerg an der Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte ausgeschafft gouf, baséiert op Interviewen, déi mat Kanner gefouert goufen. Och wann d’Etüd net representativ ass, konnte scho wichteg Resultater festgestallt ginn.
D’Professer Pascale Engel de Abreu, Fuerscherin op der Uni Lëtzebuerg, seet dozou: “D’Kanner, déi eis gesot hunn, si hätte méi Angscht, krank ze ginn, hu sech och an där Zäit net esou gutt gefillt. Deen dote Facteur ass wierklech erausgestach. An eng vun eise Recommandatiounen ass definitiv och, dass een dat doten Thema eventuell als Interventioun kéint plangen oder einfach emol als Thema wat ee kéint opgräifen, well et ebe kéint en Impakt hunn op d’Wuelbefanne vun de Kanner.”
Ma genee bei esou opfällege Facteuren, wier et wichteg, dës weider ze suivéieren.
“Mä mir hunn awer keng nei Date méi erhuewen an et ass dat, wat mir ganz gäre géinge maachen. Well mer elo wierklech wësse vu Psychologen, vun Dokteren, Enseignanten oder Elteren, mat deene mir schwätzen, dass et ville Kanner elo net gutt geet, well dat schonn immens laang dauert. Also d’Iddi wier méi, nei Daten ze erhiewen”, seet d’Claudine Kirsch. Si fuerscht op der Uni Lëtzebuerg a bedauert, dass den Ament keng nei Date méi erhuewe ginn.
Fir eng ausgibeg Etüd bréicht een déi néideg Moyenen. Iddien, wéi een d’Analys nach kéint optiméieren, ginn et schonn, esou d’Professer Claudine Kirsch:
“Wann de Ministère elo géing zum Beispill déi Questionnairen un d’Eltere weiderschécken, wier eis scho vill gehollef, well dann hätten d’Elteren deen an der Boîte, da géing ee méi Leit erreechen, net nëmme 700 Kanner wéi mir elo haten. An dat anert ass, wann een elo méi vulnerabel Kanner och erreeche wëll, Kanner a Foyeren zum Beispill, da ginn dat aner Studien, aner Enverguren an do brauche mir awer effektiv Leit. Mä dat ass schonn alles ugeduecht, och zesumme mam Ombudsman.”
Mam Educatiounsministère an der Santé wier scho probéiert ginn, den Dialog ze sichen, bis ewell ouni Succès. Dobäi si sech d’Fuerscherinnen eens, dass d’Etüd um Terrain eng direkt Hëllef kéint sinn.
D’Pascale Engel de Abreu: “Et komme jo elo grouss Initiative vum Ministère, d’Wuelbefanne vun de Kanner gëtt jo lo méi thematiséiert, dat ass jo emol schonn eng positiv Geschicht. Mir denke schonn, dass esou eng Etüd och ka praktesch Implicatiounen hunn an et wier schéin, wann déi richteg Leit dat och esou gesinn, respektiv, wann e Bewosstsinn dofir do ass.”
“Mir kënnen zesummen nëmmen esou vill maachen. Mir hunn och keng Loscht erëm an engem klengen Eck ze kachen. Mir wëssen, wéi eng Problemer et ginn, mir hunn och aner Organisatiounen héieren a mir hoffen och elo e bësse méi an d’Ëffentlechkeet kënnen ze goen, fir dat heiten e grousse Schrëtt weiderzebréngen”, esou nach de Paul Heber vun der Unicef.
D’Ekipp vu CovidKids wënscht sech, d’Wëssenschaft méi op den Terrain ze bréngen an zesumme praktesch Léisunge kënnen auszeschaffen.
