Déi al Gemeng sanéieren oder ofrappen an nei bauen? Iwwer déi Fro gëtt zanter Joren zu Sandweiler gestridden.

Nei Märei Sandweiler / Reportage Dany Rasqué

De Sandweiler Schäfferot ass iwwerzeegt: Déi al Märei ass ze kleng, ze vill onpraktesch an an engem schlechten Zoustand. Fir dat aalt Gebai ze sanéieren an e Stack dropzesetzen, dat géif 6 Milliounen Euro kaschten, kruten d'Sandweiler Bierger virgerechent.

Déi al Märei ofzerappen, an duerch en Neibau z'ersetzen, dat géif mat 8 Milliounen Euro zu Buch schloen. E Gebai, an deem net nëmme Plaz fir déi komplett kommunal Servicer wär, mä wou och e klenge Festsall a Raimlechkeete fir lokal Veräiner virgesi sinn.

Dëse Projet wär laangfristeg déi besser Léisung, erkläert d’CSV-Buergermeeschtesch Simone Massard-Stitz: “De But vun dësem neie Bau ass, dass mir bis an 2050 kucken, dass mir Reserven hunn, wa Personal bäikënnt, oder fir aner Acteuren, déi mir brauchen. Dat Gebai, wann et da gebaut gëtt, ass an zwee Joer effektiv net ganz mat Fonctionnairë besat. Soss géife mir eist Zil jo och net erreechen.”D'Oppositioun hält dogéint. Dësen Neibau wär, esou d’LSAP-Conseillière Jacqueline Breuer, "ze grouss, ze ellen an ze deier". Kritiséiert gëtt virop, dass déi historesch Märei ofgerappt soll ginn, an dass den Neibau och d'Vue op d'Kierch verspäre wäert.

D’LSAP-Politikerin zweiwelt och dorunner, dass déi kommunal Servicer an Zukunft wierklech méi Plaz brauchen: “D’Fonctionnaire wäerten ëmmer méi Homeoffice maachen an d’Leit mussen och net méi esou dacks op d’Gemeng kommen, héchstens fir eng nei Carte d’Identité oder emol Tute sichen ze kommen. Vill Mouvement ass net op esou enger Gemeng.” An et misst een och net all d’Gemengeservicer an engem Gebai zentraliséieren, esou d’Jacqueline Breuer weider.

De 25. Abrëll ginn am consultative Referendum dräi Froe gestallt. D'Oppositioun kritiséiert, dass déi Froen net däitlech genuch formuléiert sinn. Si hätte sech gewënscht, dass kloer gefrot gëtt, ob déi al Gemeng wierklech ofgerappt soll ginn.