Nodeems de PIB d'lescht Joer ëm 1,3 Prozent zeréckgaangen ass, ginn d'Experte fir dëst Joer vun engem Opschwong aus.

"Lëtzebuerg ass relativ gutt duerch d'Pandemie komm, dank de Moossnamen, déi d'Regierung decidéiert huet." Dat ass eng vun de Conclusioune vum FMI, dem internationale Wärungsfong, dee, wéi all Joers, an engem Rapport seng wirtschaftspolitesch Recommandatioune mécht.

De Chef vun der Missioun, den Emil Stavrev, huet déi Recommandatiounen um Méindeg publizéiert an ënnerstrach, datt sech d'Ekonomie zu Lëtzebuerg vill besser entwéckelt huet wéi an der Eurozon.

Rapport vum FMI - Reportage Dany Rasqué

Nodeems de PIB d'lescht Joer ëm 1,3 Prozent zeréckgaangen ass, ginn d'Experte fir dëst Joer vun engem Opschwong aus. Wann d'Politik weider mat geziilte Moossnamen hëlleft, rechne si fir 2021 domadder, datt de PIB ëm 4,5 Prozent klëmmt. Mëttelfristeg géif deen Opschwong liicht ënnert dem Niveau vu virun der Kris bleiwen.

E Risiko fir dësen Ausbléck ass d'Dynamik vum Virus. Wann déi sanitär Kris sech méi an d'Längt zitt, hätt dat och Auswierkungen op déi ekonomesch Erhuelung.

Wat d'Steierpolitik betrëfft, recommandéiert den FMI, datt déi ënnerstëtze soll, bis deen Opschwong do ass an datt se sech méi a méi op déi Schwächst an der Gesellschaft soll fokusséieren, dorënner Stéit mat engem niddregen Akommes an Entreprisen aus deene Secteuren, déi am meeschte vun der Kris getraff sinn.

Lëtzebuerg soll awer och weiderfueren, fir den nationalen Energie- a Klimaplang ëmzesetzen, réit de Wärungsfong. Dozou gehéiert jo ënnert anerem d'CO2-Tax, déi dëst Joer a Kraaft getrueden ass. Parallel dozou sollten infrastrukturell Lächer gestoppt ginn, zum Beispill am Transport, an déi ëffentlech Investissementer sollen héich gehale ginn.

D'Experte gesi fir de Grand-Duché awer och steierlech Risiken, déi een net dierft vernoléissegen. Changementer am amerikanesche Steiersystem kéinten, zum Beispill, grouss multinational Entreprisen esou haart treffen, datt och déi steierlech Revenuen zu Lëtzebuerg géifen zeréckgoen. Aus deem Grond wier et wichteg, sech e bequeme Puffer ze halen, Optiounen z'analyséieren, fir sech méi breet opzestellen an ëffentlech Gelder méi effizient z'investéieren.

D'Immobiliëpräisser sinn d'lescht Joer ëm 14 Prozent geklommen, den FMI begréisst, datt Lëtzebuerg eng Verscholdungslimitt agefouert huet, déi Limitt misst awer iwwerduecht ginn, wann d'Scholde vun de private Stéit weider géife klammen. Donieft misst een dann iwwer weider Mesuren nodenken, fir eng Iwwerverschëldung ze verhënneren.

Wat den Aarbechtsmaart betrëfft, stellen d'Experten op Basis vun den Donnéeë vun Eurostat fest, datt d'Kris déi méi Schwaach verhältnisméisseg haart getraff huet an zu engem méi héije Chômagetaux bei deene Jonke gefouert huet, bei Leit mat manner Qualifikatiounen a bei Auslänner, déi scho virun der Kris Schwieregkeeten um Lëtzebuerger Aarbechtsmaart haten.

An Zukunft bréicht et e Politikwiessel, deen dodra géif bestoen, éischter dëse Mënschen ze hëllefen, wéi Aarbechtsplazen z'erhalen. Den FMI plädéiert fir méi eng grouss Mobilitéit an de verschiddene Secteuren, zum Beispill, andeems Ëmschoulungen encouragéiert ginn.