De Kompetenzberäich Sécherheet soll bei der Police bleiwen
D'Diskussioun ëm privat Sécherheetsfirme geet weider.
D'Diskussioun ëm privat Sécherheetsfirme geet weider. Vum 15. Mee u wëll d'Stad Lëtzebuerg weider Privatfirmae beoptragen, fir an de Quartiere Sécherheetsgefill vun de Bierger z'erhéijen. D'Justizministesch Sam Tanson weist dorop hin, dass d'Gesetz de Sécherheetsbeamten awer nëmme limitéierte Pouvoir gëtt, an d'Kompetenz an deem Beräich bei der Police muss bleiwen.
Och a verschiddene Stroossen zu Bouneweg solle privat Sécherheetsfirmaen zum Asaz kommen, dat huet de Stater CSV-Schäffe Laurent Mosar en Dënschdeg de Moien an der Emissioun Invité vun der Redaktioun gesot.
Dëst, well et zu Bouneweg géinge substantiell Sécherheetsproblemer ginn, och wa se anescht gelagert wieren, wéi déi op der Gare. Soulaang d'Regierung näischt géing dogéint ënnerhuelen, wäert de Stater Schäfferot och weiderhin op d'Déngschter vu private Sécherheetsfirmaen zréckgräifen, sou de Laurent Mosar.
D'Sam Tanson weist am RTL-Interview awer dorop hin, datt de Pouvoir vu private Sécherheetsfirmaen och weiderhi begrenzt wäert sinn. Dëse limitéiert sech op d'Protektioun vu Gebailechkeeten, déi vu Persounen (Bodyguard), d'Système d'alarme an den Transport de fonds.
D'Missioun vun engem Sécherheetsbeamte kéint net sinn, fir fir d'Sécherheet an enger Strooss ze suergen. Aus deem Grond huet d'Ministesch Abléck an d'Kontrakter mat de Firme gefrot, déi den Ament an der Stad an zu Déifferdeng aktiv sinn. Et soll gepréift ginn, ob hir Missioun konform mam Gesetz ass.
Parallel, dat ass awer de Beräich vum Policeministère, soll gekuckt ginn, ob e punktuelle "Platzverweis" méiglech gemaach kéint ginn. Dëst, fir datt d’Police zum Beispill ka Leit aus Agäng vu Wunnenge fortschécken. E generelle "Platzverweis" wäert et awer net ginn.
Dëst wier eng diskriminatoresch Mesure, seet och d'Sam Tanson, déi net d'Problemer léise géing. Zum Beispill wier bei Drogendealer oder -ofhängegen net d'Léisung, hinnen ze soen, se sollen 100 Meter weider goen. D'strukturell Problemer misst een un der Wuerzel ugoen, erkläert d'Sam Tanson. Et soll awer gekuckt ginn, datt d'Police ka ganz punktuell ee fortschécken, wann zum Beispill d'Agäng vu Gebaier blockéiert sinn.
Eng generell Surveillance vum ëffentleche Raum kéint net de Manière générale u Sécherheetsfirmaen delegéiert ginn, präziséiert d'Ministesch. Dat wier eng zentral Missioun vum Staat a soll och weiderhin esou bleiwen. Eng Upassung vun de Gesetzestexter wier awer denkbar. A Frankräich ass et zum Beispill méiglech, datt ënner ganz spezielle Konditioune kann decidéiert ginn, datt an Zesummenaarbecht mat der Police eng Sécherheetsfirma ka verschidden Aufgaben iwwerhuelen. Sou e Modell kann d'Ministesch sech och virstellen.
Den néidege Gesetzestext muss elo ausgeschafft ginn. Dat awer wier keng Saach, déi elo géing bannent e puer Woche geschéien, sou d'Justizministesch.