Tëscht 2015 an 2020 sinn 92 Persounen am Kader vun der organiséierter Kriminalitéit festgeholl ginn.

Zu Lëtzebuerg gouf et déi lescht 5 Joer däitlech méi Verhaftungen am Kontext vun der Drogekriminalitéit, dat geet aus der Äntwert vum Policeminister an der Justizministesch op eng parlamentaresch Fro vun den LSAP-Deputéierte Mars di Bartolomeo an Dan Biancalana ervir.

Tëscht 2015 an 2020 sinn 92 Persounen am Kader vun der organiséierter Kriminalitéit festgeholl ginn.

Eng signifikativ Evolutioun am Beräich vun der organiséierter Kriminalitéit wier awer a priori hei am Land net festzestellen. D'LSAP-Deputéiert hate sech op de Policerapport vun 2019 an op Interpol beruff, dat Lëtzebuerg ënnert deene Länner klasséiert, déi wéinst hirer geopolitescher a wirtschaftlecher Situatioun, grad wéi dem Finanzzenter zu engem beléiften Zil vun internationaler Kriminalitéit gehéieren.

Lëtzebuerg wier, wéi déi aner europäesch Länner och, zwar mat organiséierter Kriminalitéit aus dem Ausland konfrontéiert, wéi zum Beispill d'Attacken op Geldautomaten, déi vun organiséierte Banden duerchgefouert goufen. Zuelen, wéi vill sou Affäre mat internationalem Charakter ausmaachen, hätt d'Police awer net. D'Ministere verweisen op d'Komplexitéit vun den Dossieren an de Prinzip vun der Présomption d'innoncence an dem Untersuchungsgeheimnis. Am leschte Covidjoer ass d'Zuel vun den neien Affäre vun 33 op 25 zeréckgaangen. Wat besonnesch erausstécht si wéi gesot Affären am Beräich vun den Drogen an alles wat domadder verbonnen ass.