50.000 Dossiere si bis ewell beim Mëttelstandsministère aus dem Secteur agereecht ginn.

Et ass kee Licht um Enn vum Pandemie-Tunnel, dofir goufen en Donneschdeg d'Aidë fir d'Betriber an der Chamber mat 58 Jo-Stëmmen an 2 Enthalungen nach eng Kéier verlängert a verbessert. Déi gréisst Upassung gëtt et bei der Hëllef fir net-gedeckte Käschten.

Verlängerung vun den Aiden - Rep. Tim Morizet

Dës gëtt elo mol bis Enn Juni verlängert. Och jonk Betriber, déi 2020 gegrënnt goufen, si vu Februar un heifir eligibel. D’Plaffonge vun der Aide gi fir eng Rei Betriber erhéicht. Grond dofir ass den "Ok" vu Bréissel, esou d'Carole Hartmann, DP-Deputéiert: "Den europäesche Kader gouf erëm geännert, sou datt de Mëttelstandsministère konnt eis bestoend Hëllefen un d'Besoine vun de Concernéierten an un eis aktuell sanitär Situatioun upassen."

Esou kréie Restauranten a Caféen hir ongedeckte Käschten elo integral rembourséiert. Betriber, déi liwweren oder Takeaway ubidden, sollen net méi schlecht ewechkommen. Dofir gëtt en Deel vun hire Revenuen net vun der Hëllef ofgezunn. D'Pai vu Patronen, also den Independanten, gëtt an Zukunft vun der Relance-Hëllef couvréiert.

Et ass gutt, datt et déi Aidë ginn, esou den CSV-Deputéierte Marc Spautz – mä dës géifen d'Hoffnung op eng Perspektiv fir den Evenementiel net ersetzen:

"D'Problematik an de Betriber an der Restauratioun an am Evenementiel, och mat deem, wat mer haut gestëmmt hunn, net geléist ass. D'Situatioun fir déi Betriber wäert sech verbesseren. D'Situatioun vun deene Betriber wäert méi kloer ginn. Mä d'Problematik bleift."

Där Meenung ass een och bei der ADR. Et dierft een de Betriber och net onnéideg Angscht maache mat engem zukünfteg, méiglech, reduzéierte Chômage partiel. Den Deputéierte Roy Reding: "Wann de Chômage partiel just nach zu 50% bezuelt gëtt, dann hunn d'Betriber de Choix tëscht Pescht a Cholera. Se maachen entweder direkt Faillite oder se mussen hir Leit entloossen."

Vu Säite vun der LSAP an déi Gréng wënscht ee sech virun allem Vereinfachungen, respektiv Hëllef beim Prozess, fir d'Aiden unzefroen.

Hëllef wier ënnerwee, esou den zoustännege Minister Lex Delles: "Vun nächster Woch u leeft e Webinar, wou d'Enregistrement scho gemaach gi sinn. Wou och zesumme mam House of Entrepreneurship individuell ka gekuckt ginn, wéi ech deen ausfëllen. Do kënnt och eng Publicitéitscampagne zesumme mat der Chambre de Commerce, Chambre des Métiers, der House of Entrepreneurship an dem Ministère fir d'Ëmsetzung ze garantéieren."

50.000 Dossiere si bis ewell beim Mëttelstandsministère agereecht ginn.