
Wéi mer op Nofro hi vum Claude Meisch gesot kruten, wieren d’Infektiounszuelen an der Schoul bei de Schüler an den Enseignantë stabel, och wann den Ablack méi Fäll detektéiert gi wieren, déi zesummenhänken.
Bis elo hätt een a kenger Schoul missen an den Homeschooling nomëttes schalten oder Betreiungsstrukturen zoumaachen. Donieft hätt ee gesinn, datt den Distanzunterrecht virun der Fuesent net dee gewënschten Effekt hat, fir d’Neiinfektiounen an der Schoul ze drécken. Zu där Konklusioun war och schonn d’Covid-19-Taskforce komm.
Wéi gesot, ass dat de Stand e Freideg. Virun der Fuesvakanz hat de Ministère bekanntlech ganz séier op eemol wéinst de ville Mutatiounsfäll an der Schoulcommunautéit awer missen anescht handele wéi geduecht.
Vum 8. bis de 14. Mäerz: 337 Corona-Infektioune bei de Schüler an dem Léierpersonal