E Sonndeg war den internationalen Dag vum Bësch, en Dag, dee vun der UN am Kader vun der globaler Zerstéierung vum Bësch an d'Welt geruff gouf.

Nieft dem Ofholzen ass am leschte Joerzéngt e weidere Problem dobäikomm an zwar de Klimawandel. D'Konsequenzen dovunner géifen awer duerch eng schlecht Verwaltung vum Bësch just nach weider aggravéiert ginn, esou d'Kritik vum Mouvement Ecologique.

De grousse Problem ass de Klimawandel, do sinn d'Experte sech eens. D'Dréchent, d'Hëtzt an déi staark Sonn verdréchnen de Buedem, respektiv verbrenne Kroune vun de Beem. D'Bëscher am Grand-Duché si geschwächt.

De Jacques Pir, Biolog beim Mouvement Ecologique: „Et gesäit een, datt d'Bëscher amgaange sinn, ze stierwen. Et sinn emol net onbedéngt d'Fiichten, déi op de falsche Plazen ugesidelt stinn. Hei gehéieren och Bichen dozou. Wann een de leschte Wald/Schadensbericht kuckt, gesäit een, datt nach ganz wéineg Beem nach wierklech gesond sinn.“

D'Bëscher ginn, esou d'Kritik vum Mouvement Ecologique, weider - kontrolléiert - mat Bëschstroosse fir d'Oftransportéierte vun Industrieholz geschwächt.

De Jacques Pir: „Mir hunn zu Lëtzebuerg e bëssen de Problem, datt eis Bëscher, well mer als Land zimmlech fragmentéiert sinn, ganz vill Kulissebëscher sinn. Déi hu keng richteg déift méi, kënnen och keen eegent Bëschklima méi opbauen. An duerch de Bau vun dëse Bëschstroossen hëlt déi Fragmentéierung bäi. D'Strooss geet bis zu 80cm an de Buedem: de Wuerzelsystem, dee matenee verbonnen ass, gëtt ënnerbrach.“

An dozou géif och de Bewässerungssystem an d'Kroune vun de Beem gehéieren. Déi suerge fir Schied a manner direkt Sonn. Zu Lëtzebuerg sinn et ongeféier 25 Meter Bëschstrooss pro Hektar Bësch.

Et fuerdert een e Moratoire fir 2 Joer, fir déi aktuell an depasséiert Forstwirtschaft ze iwwerdenken, esou de Mouveco. An et misst och nees méi geschoss ginn.

An engem Bësch an der Gemeng Rouspert wiisst tëscht den ale Beem net méi ganz vill, do wou eppes Jonkes nowiisst, gouf vum Mënsch nogehollef. Richteg viru geet et awer net, ze vill gëtt den Ekosystem hei vun ze héijem Wëldbestand zerstéiert.

Roger Schauls, Biolog beim Mouvement Ecologique: „Duerch de Wëldbestand, dee mer hei hunn, an dat ass virun allem Hirsch, Réi, an deelweis hei och de Mouflon, gëtt déi ganz Regeneratioun vum Bësch zerstéiert. Dat heescht och wann een e klengt Lach an de Krounendaach mécht, fir e bësse Luucht duerchzeloossen, fir datt d'Planze kënne wuessen, da ginn déi direkt ratzekal gefriess.“

Iwwereg bleiwe Planzen, déi zimmlech hannen um Menü vum Wëld stinn, dacks awer manner resistent géint Hëtzt sinn. Den envisagéierte Mëschbësch vum Ëmweltministère wier dohier eng Illusioun, ausser d'Jeeër hëllefe mat.

Roger Schauls, Biolog beim Mouvement Ecologique: „Wa mir wëllen eng Chance hunn, fir klimaresilient Bëscher ze kréien, dat heescht mat héijer Biodiversitéit, da muss de Wëldbestand dramatesch a séier gesenkt ginn.“

Bëschstierwen wier keng Fatalitéit oder d'Schold vun engem Borkekäfer, esou de Fazit. Just d'Politik kéint hëllefen, de Schued nach ze begrenzen.