D'Ministesch Corinne Cahen huet en Dënschdeg kuerz viru Mëtteg op enger Pressekonferenz, zesumme mat der Santé a Servior, Explikatioune ginn.

PK Cahen Clusteren / Resumé Tim Morizet

Am Ganze wieren zanter dem Ufank vun der Pandemie bis ewell 324 Mënschen aus Alters- a Fleegeheemer um oder mam Coronavirus gestuerwen, sou d'Ministesch. Am Cipa "Um Lauterbann" zu Nidderkuer wieren zanter dem 17. Februar 22 Mënschen duerch de Covid-19 gestuerwen. 84 Bewunner goufe positiv getest an den Héichpunkt ware 67 Leit gläichzäiteg, sou d'Ministesch. Stand haut wieren nach 10 Awunner positiv, 7 dovun asymptomatesch. 1 Persoun géing nach am Spidol leien an zwee Pensionäre missten nach beotemt ginn, erkläert d'Corinne Cahen.

Wéi konnt et iwwerhaapt zu esou engem Cluster kommen?

En Altersheim wier kee Prisong, esou d'Reaktioun virun der Press. Egal wéi streng d'Mesuren an engem Haus sinn, et ass ëmmer va-et-vient. D'Bewunner an de Gebailechkeete wieren zwar a Gruppen agedeelt, mä net isoléiert. D'Gebailechkeeten zu Nidderkuer wieren och ze al, fir en Co-Hortage ze organiséieren, dat heescht, déi positiv geteste Residenten op designéiert Stäck ëmzelogéieren an do konsequent dat nämmlecht Personal anzesetzen.

D'Impfung zu Nidderkuer wier ze spéit komm, fir d'Infektioun, déi um zirkuléiere war, ze ënnerbriechen, esou den Dr Jean-Claude Schmit. De Vaccin géing souwisou e puer Deeg oder Woche brauchen, fir effikass ze ginn. D'Impfstoffer wieren och begrenzt gewiescht, et hätt een net all Institutioun kënne gläichzäiteg impfen. Wann de Cipa zu Nidderkuer éischter drukomm wier, wier et méiglecherweis an engem aneren Altersheem zu engem Cluster komm.

D'Rumeuren, datt d'Infektiounen duerch d'Impfung entstane wier wiere falsch, gouf en Dënschdeg de Moien nach eng Kéier preziséiert. Et wieren och keng vun de méi geféierleche Virusmutatiounen zu Nidderkuer fonnt ginn.Am Cipa zu Nidderkuer, ewéi och am Rescht vum Grand-Duché, wier et opgefall, datt et vill Zweet-Infektioune goufen. Rezent Studie beweisen, datt déi natierlech Immunitéit, déi duerch eng éischt Infektioun koum, bei eelere Persounen dacks manner laang unhält.Et sinn, respektiv waren eng Rëtsch Institutioune vu Corona-Clustere betraff, bestätegt déi zoustänneg Ministesch Corinne Cahen. Esou och zu Réiden un der Atert, Schëffleng, Rodange a Boufer. Dacks géif ee sech vum Ministère aus Ugangs bei der Kommunikatioun vun de Clusteren zeréckhalen, fir d'Ariichtungen net zousätzlech ënner Drock ze setzen, esou d'Ministesch. 64 Clienten aus Altersheemer ware bis e Méindeg den Owend am Grand-Duché mam Coronavirus infizéiert. A 27 Ariichtungen hätten d'Awunner iwwerdeems schonn hiren zweete Vaccin kritt.D'Residente vun de betreite Wunnstrukture ginn dëser Deeg geimpft. Hei wier méi spéit ugefaange ginn, well d'Leit allgemeng als manner vulnerabel agestuuft sinn ewéi Clienten an Alters- a Fleegeheemer. Viru kuerzem gouf et e Cluster an engem betreite Wunnhaus zu Keel. Hei sinn am Mäerz 8 vun den 39 Residenten um oder mam Coronavirus gestuerwen. 25 Bewunner wieren zanter Enn Februar infizéiert gewiescht.Generell hätt et an de leschte Méint awer eng Entspanung a puncto Infektiounen an den Institutioune ginn, esou den Direkter vun der Santé. Op der Héicht vun der 2. Well am November/Dezember wieren et vill méi Doudesfäll ginn. "All Doudegen ass awer een ze vill", präziséiert den Dr Schmit.An der aktueller Impfstrategie géife weider prioritär déi Leit geimpft ginn, déi den direkte Kontakt mat de Clienten an de sëllegen Institutiounen hunn, esou de Santésdirekter Dr Jean-Claude Schmit. Pläng, extern Ekippen ewéi Botzpersonal ze impfen, géif et den Ament net ginn. Wien a wéini geimpft gëtt, géif ëmmer vun der Reserv u Vaccinen ofhänken.D'Stëmme fir eng Impfflicht am Santés- a Betreiungsberäich ginn ëmmer méi haart, dat och parteiiwwergräifend, bestätegt d'Corinne Cahen. Et wier eng Diskussioun, déi misst gefouert ginn. Wann een am Santésberäich schafft, wier ee fir sech a fir déi Leit, mat deenen ee schafft, responsabel. Aktuell si knapp iwwer 50% vum Personal a Strukture mat vulnerabele Persoune geimpft.

Aktuell géifen dann och an 8 bis 9 Haiser Pilotprojete mat Schnelltester gemaach ginn an déi nach méi séier Schnelltester sollen och deemnächst agesat ginn, sou heescht et weider.

Parlamentaresch Fro: Ronn 14.500 Leit Personal aus Spideeler an Heemer goufe bis ewell geimpft

Bis e Méindeg goufen an de Spideeler, Alters- a Fleegeheemer ronn 14.500 Leit vum Personal mat enger 1. Dosis vum Covid-Vaccin geimpft.An dëse Strukture grad wéi och an Haiser, wou Leit mat engem Handicap wunnen, si ronn 6.200 Pensionnaire geimpft ginn.D'Fro, ob de ganzen Fleegesecteur da lo geimpft gouf, loossen d'Ministeren Lenert a Bettel opstoen. D'Leit wieren all invitéiert ginn, et wier natierlech e perséinleche Choix, sech impfen ze loossen oder net.Dat äntweren d'Gesondheetsministesch an de Staatsminister op eng parlamentaresch Fro vum CSV-Deputéierten Marc Spautz.

De Replay vun der Pressekonferenz

Rectificatif vun den Autoritéiten

Op der Pressekonferenz en Dënschdeg de Moie war iertemlecherweis matgedeelt ginn, datt et zu Ierpeldeng an enger Struktur fir eeler Leit aktuell e klenge Cluster géing ginn, ma deem ass net esou. Dat hunn de Familljeministère an d'Santé en Dënschdeg den Owend an engem Schreiwes matgedeelt.

RECTIFICATIF: Aucun „cluster“ n’a été détecté dans une structure d’hébergement pour personnes âgées à Erpeldange (23.03.2021)

Communiqué par: ministère de la Famille, de l’Intégration et à la Grande Région / ministère de la Santé

 

Le ministère de la Santé tient à clarifier qu’à ce jour, aucun nouveau « cluster » n’a été détecté dans une structure d’hébergement pour personnes âgées à Erpeldange. En fait, une erreur d’alignement s’était glissée dans une note de préparation pour la conférence de presse de la ministre de la Famille, de l’Intégration et à la Grande-Région, Corinne Cahen, et du Directeur de la santé, Dr Jean-Claude Schmit, qui s’est tenue ce matin.

Soucieux d’une communication transparente et précise, le ministère de la Santé s’excuse pour tout désagrément éventuel causé par cette fausse information/annonce.