CSV fuerdert externen AuditMotioun iwwer Stierffäll a Cipae kënnt en Donneschdeg an de Chamber-Plenum

Roy Grotz
D'CSV mécht weider Drock, wat d'Stierffäll a Cipaen am Land ugeet.

Mam spezielle Bléck op d’Situatioun am Altersheem zu Nidderkuer, wou zanter ugangs vum Joer 28 Pensionnairë verscheet sinn.

An enger Motioun war eng onofhängeg Etüd zu de Virfäll zu Nidderkuer gefuerdert ginn, déi awer keng Majoritéit an der Chamber krut.

D’Motioun soll en Donneschdeg an der Santéskommissioun debattéiert ginn - am Virfeld vun där Reunioun freet d’CSV-Fraktioun fir eng Commission jointe, zesumme mat der Chamber-Familljekommissioun anzeberuffen. Dës Demande goung en Dënschdeg un de Chamberpresident.

Nomëttes kënnt dann d’CSV-Motioun, déi en externen Audit fuerdert, am Chamberplenum am Cercle zur Sprooch. En Donneschdeg gëtt jo och dat neit Covid-Gesetz gestëmmt, dat d’Mesurë bis de 25. Abrëll verlängert, mä och mat der méiglecher Ouverture vun Terrassen e klengen Deconfinement am Horeca-Secteur duerstellt.

Parallel huet den CSV-Deputéierte Michel Wolter en Dënschdeg eng dréngend parlamentaresch Fro un d’zoustänneg Ministesche Lenert a Cahen gestallt. Den Deputéierte freet heiranner en detailléierte Relevé vun allen Clusteren, also Covid-Infektiounsgruppen, déi et zanter Mäerz zejoert an den Alters- a Fleegeheemer am Land gouf.

D’Äntwert muss bannent enger Woch virleien.

PDF: Demande de Convocation

Back to Top
CIM LOGO