Den zoustännege Minister Henri Kox schwätzt vun engem "hallwe" Platzverweis, dee sech eleng op d'Blockéiere vun Entréeë bezitt.

Jorelaang ass de sougenannte "Platzverweis" an der Diskussioun a virun allem d'Gemenge fuerderen ëmmer nees eng gesetzlech Reegelung, fir dass Persounen, déi zum Beispill virun engem Geschäft sëtzen a Passante Sue froen, oder Sans-abrien, déi an Entréeë schlofen, kënne forcéiert ginn, dës Plazen ze verloossen.

Am Ministère fir bannenzeg Sécherheet gëtt elo un esou engem Text geschafft. Den zoustännege Minister schwätzt vun engem "hallwe Platzverweis", dee sech eleng op d'Blockéiere vun Entréeë bezitt - egal, ob dat op Privatterraine geschitt oder op Agäng vu Verwaltungen. Den Aspekt vun der Sécherheet misst mat spillen, erkläert de Policeminister Henri Kox.

Henri Kox: "Dee sougenannte 'Platzverweis', wéi en an Däitschland de Fall ass, heescht jo, dass ech aus iergendwelleche Grënn och ee méi wäit deplacéieren, an dat ass wierklech net mäin Interêt. Well wann d'Police intervenéiert, muss eng action grave sinn, si muss eminent sinn an direkt. Dat heescht, mir musse kucken, dass mir ëmmer déi Proportionalitéit tëscht Agrëff an d'Privatsphär awer och hei den Interêt particulier, wann eng privat Entréesdier blockéiert ass, an déi Leit kënnen net méi an an aus goen, da muss och kënnen intervenéiert ginn. An dofir schaffen ech un deem Dossier, fir dat méi kloer ze maachen."

Den Henri Kox

Fangerspëtzegefill wier néideg, et misst een d'Gravitéit vun der Situatioun kënnen ofschätzen, grad ewéi d'Rechter vu béide Säiten. Esou e "Platzverweis" wier och just vun der Police z'exekutéieren, net vu private Sécherheetsfirmen oder vun Agents Municipaux mat neie Kompetenzen. De Projet de loi wier an der Maach, an déi nei Reegele kéinten am Summer a Kraaft trieden.