CSSFWarnung viru "Capital Global Markets" a "radianinvestmentmanagement.com"

RTL Lëtzebuerg
D'CSSF huet e Méindeg am Nomëtteg eng Warnung erausginn, virun 2 Finanz-Entitéiten, déi net korrekt schéngen ze sinn.

Et geet ëm de Betrib “Capital Global Markets”, dee via den Internetsite mam selwechten Numm Investissement-Berodung ubitt, an als Siège d’Avenue Kennedy hei um Kierchbierg ugëtt.

Dernieft geet et ëm “radianinvestmentmanagement.com”, déi och Investissement-Berodung ubitt an als Siège d’Rue Albert Borschette an der Stad ugëtt.

Der Kontroll-Autoritéit vum nationale Finanz-Secteur sinn Entitéite mat deene Nimm awer net bekannt a se hätten och keen Agrément, fir Servicer a puncto Investissementer hei am Land ze leeschten, schreift d’CSSF.

Ze notéieren ass, datt d’Radian Investment Management S.A näischt mat deem Site oder dëser Warnung ze dinn huet.

www.cssf.lu

Back to Top
CIM LOGO