
De Chauffer wollt sech enger Alkoholkontroll entzéien. Bei der Kollisioun ass ee Polizist gestuerwen, eng zweet Beamtin gouf ganz uerg blesséiert. D’Instruktioun ass bei dëser Affär ofgeschloss, ma e Prozess steet awer nach aus.
Den Owend vum 13. Abrëll huet d’Police eng Alkoholkontroll op der Wemperhaart duerchgefouert. Fir d’Beamten eigentlech Routine. Anescht awer an dëser Nuecht, wéi bekannt ass.
Géint 2 Auer huet een Autofuerer versicht, sech der Kontroll z’entzéien. Wou hien d’Beamte gesinn huet, huet hie säi Gefier op der Strooss gedréint an ass an entgéintgesater Richtung fortgefuer. Eng Policepatrull huet d’Verfolgung opgeholl. Ouni Erfolleg. Am Nopeschduerf zu Lausduer wollt de Polizist dofir op enger Kräizung d’Kéier maachen. Wat hien awer net gesinn hat, war, datt ee vu senge Kolleegen och d’Poursuite opgeholl hat, an dee Moment direkt hannendru war. Et koum zu enger schwéier Kollisioun tëscht deenen zwee Gefierer. Ee Polizist ass an dësem Accident gestuerwen, eng weider Polizistin gouf liewensgeféierlech blesséiert.
De Parquet vun Dikrech wäert elo deemnächst beim zoustännege Geriicht ufroen, dass déi zwee Beschëllegt de Prozess solle virun enger Chambre Correctionnelle gemaach kréien. Bei de Beschëllegten handelt et sech ëm de Chauffer, dee fortgefuer war, an elo vum Juge d’Instruction wéinst onfräiwëllegem Doudschlag, onfräiwëlleger Kierperverletzung, Rebellioun a Fueren ënner Afloss vun Alkohol inculpéiert ass. Dës Weideren ass de Polizist, deen an deen zweete Police-Won geknuppt war, wéinst onfräiwëllegem Doudschlag an onfräiwëlleger Kierperverletzung beschëllegt.
Genausou wéi am Fall vun den déidleche Schëss vu Bouneweg virun dräi Joer bleift et den Ament also ofzewaarden, wat d’Chambre du Conseil decidéiert.