SA vum Spidolsgrupp Robert SchumanGeorges Heirendt iwwerhëlt Presidente-Poste vum Jean-Louis Schiltz

Roy Grotz
Souwuel de Jean-Louis Schiltz, grad wéi och de Michel Wurth ginn hir Posten als President respektiv Vize-President of, sou eis Informatiounen.
© RTL Archiv

Nom Rumouers beim Spidolsgrupp Robert Schuman waren e Méindeg d'Verwaltungsréit vun de béiden Entitéiten, der SA an der Fondatioun beieneen, fir iwwer personell Changementer an der Gouvernance ze decidéieren.

Deemno ginn eise Sourcen no souwuel de Jean-Louis Schiltz, grad wéi och de Michel Wurth hir Posten als President respektiv Vize-President vun der SA vum Spidolsgrupp of.

RTL-Informatiounen no hate Schiltz a Wurth dës Charge am Mee zejoert iwwerholl, woubäi dunn awer ewell fixéiert gi war, datt d'Leedung vun der SA op 1 Joer limitéiert wier.

Deemno wäert de Jean-Louis Schiltz just nach President vun der HRS-Fondatioun bleiwen an et kënnt e neie President un d'Spëtzt vun der SA, déi d'Spidolsaktivitéite vun de Sitten um Kierchbierg, op der Gare an zu Esch regroupéiert.

Vize-President vun der SA soll eise Sourcen no de Claude Seywert bleiwen.

D'Fondatioun ass deen eenzegen Aktionär vun der SA vun de Robert Schuman Spideeler.

PDF Schreiwes HRS

Back to Top
CIM LOGO