9.100 Demandë fir Hëllef vu mëttelstännege Betriber

9.100 mëttelstänneg Betriber, dorënner vill aus dem Horeca-Secteur, hunn no engem Abroch vun hirem Ëmsaz eng Demande fir eng staatlech Hëllef agereecht.
D'Hallschent vun dëse Betriber haten e Recettë-Réckgang vun iwwer 40%.
Et geet ëm d'Aide de relance an d'Aide coûts non couverts, déi jee no Réckgang an de Geschäftsbicher ausbezuelt ginn a sou de Betriber e wéineg Loft verschafen.
Wann zum Beispill e Betrib keen oder nëmmen ganz wéineg Ëmsaz mécht, sou sinn d'Salariéeën am Prinzip an der Kuerzaarbecht. Dëse partiellen Chômage gëtt dann als Recette verrechent a vun de Käschten ofgerechent - deemno ass den Impakt dann negativ.
Nodeem d'Horeca-Betriber Enn November ganz hu missten zoumaachen, sinn d'Demanden fir déi zwou Hëllefe reegelrecht explodéiert.