Op d'mannst bei him an der Ëmgéigend wier de Wëldschued momentan esou vill wéi nach bal ni, seet de Christian Wester, President vun der Bauerenzentral.

D'Bauerenzentral kéint nëmmen constatéieren, datt d’Leit vill Wëldschued hunn. Am Wanter hat ee scho virun esou Konsequenze gewarnt, wou d’Klappjuegd am Kader vun de Covid-Mesurë verbuede gi war. Lo fillt ee sech bestätegt, datt e Verbuet wuel déi falsch Decisioun war.

Virun allem Wëllschwäi suergen um Dauergréngland a bei Wanterkulture fir héije Schued. Ma net nëmmen dat, duerch d’Dréchent an de leschte Joren ass och manner Fudder do. Wëll d’Fudder déi lescht Jore knapp war, sinn och d’Präisser dovunner an d’Luucht gaangen. Vill Bauere wieren d’office net mat de Wäerter zefridden, wéi se vun der Naturverwaltung ugi wieren, fir de Schued ze berechnen. D'Base de données fir d‘Berechnunge géing net méi deem entspriechen, wat aktuell u Schued muss rembourséiert ginn.

Sou gëtt de Bauer zwar fir den Ausfall vun de Recolten an d’Restauratioun vum Terrain entschiedegt, mee net onbedéngt zu 100 Prozent.

„De Bauer gëtt eigentlech integral vum Juegdpiechter entschiedegt“, seet de Christian Wester. Mee de Juegdpiechter kritt een Deel vum Geld vum Juegdsyndikat an een Deel vum Ëmweltministère zréck. Wann do awer lo scho vill Wëldschued wier, wier de Plaffong iergendwann erreecht, deen ee vum Ëmweltministere a vum Juegdsyndikat erëmkritt. An deem Fall misst een aus senger eegener Täsch bezuelen.

D’Bauere wieren den Ament an enger schwéierer Situatioun, ebe well se lo net nëmme fudder-technesch um Minimum wieren, mee de Wëldschued elo nach dobäikënnt, sou de Christian Wester.