Invité vun der Redaktioun (20. Abrëll) - Jo StuderDe Wëldschued ass grouss

Pit Everling
Dat läit ënner anerem dorunner, datt am Wanter wéinst de Covid-Mesurë keng Klappjuegte konnten ofgehale ginn.
Invité vun der Redaktioun: Jo Studer
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Dat läit ënner anerem dorunner, datt am Wanter wéinst de Covid-Mesurë keng Klappjuegte konnten ofgehale ginn.

Dat seet de Jo Studer, Interimspresident vun der Jeeërfederatioun. Genee Zuelen hätt een awer nach net, ma de Retard kréich een net méi opgeholl an d’Baueren géife sech iwwer de Schued beschwéieren.

Fir d’Jeeër gouf jo eng Ausnam gemaach beim Couvre-feu. Souwisou ass jo joen nëmme vun enger Stonn viru Sonnenopgank bis eng Stonn no Sonnenënnergang erlaabt. Ma d’Jeeër misste sech jo awer och op d’Juegd deplacéieren an och virum an nom Schéisse wieren Aarbechten ze maachen, dofir hätt een déi Demande gemaach.

Den Iwwergang op déi nei Lousen den 1. Abrëll huet gutt geklappt. D’Naturverwaltung hätt d’Jeeër adequat informéiert. Zu den neie Schéisspläng géingen et net vill Reklamatioune ginn.

E Problem wieren d’Krankheete beim Fuuss, wéi d’Staupe an d’Räude. Dat wier wéinst der Iwwerbevëlkerung. Zu Lëtzebuerg gëtt et jo zënter enger Rei Joren e Verbuet vun der Fuussejuegd.

De Jo Studer wëll och definitive President vun der Federatioun ginn, de Kongress ass fir den Hierscht virgesinn.
Mat de Verwaltungen an dem Ëmweltministère géif et e gewësse Clinch. Hie wéilt awer op alle Fall eng besser Zesummenaarbecht sichen, ma da missten d’Jeeër awer och als Partner unerkannt ginn.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.

Back to Top
CIM LOGO