Dës Firma huet jo hire juristesche Siège hei am Land, mä d'Serveuren sinn net am Grand-Duché.

Aktuell gëtt et keng Enquête vum Parquet zu Lëtzebuerg wéinst pedopornographesche Contenue vu Mineuren a Videoen, déi op Pornhub diffuséiert ginn.
Et gouf dann och keng Plainte géint esou e verbuedene Contenu bis ewell deposéiert. Dat preziséieren déi dräi concernéiert Ministeren Tanson, Fayot a Bettel op eng entspriechend parlamentaresch Fro vun den LSAP-Deputéierten Di Bartolomeo a Biancalana.

D'Deputéiert haten d'Regierung iwwert d'Aktivitéite vu Pornhub interpelléiert, respektiv iwwert d'Duechtergesellschaft Mindgeek, déi och hei am Land etabléiert ass a wou den Numm an der Enquête OpenLux gefall war.

D'Ministere soen och, datt Lëtzebuerg näischt géif maachen, fir d'pornographesch Industrie speziell unzezéien oder ze promouvéieren. Et misst een awer d'Handels- an Expressiounsfräiheete respektéieren, sou datt esou ekonomesch Porno-Aktivitéiten net kéinte verbueden ginn, wa se den nationalen an europäeschen Norme géifen entspriechen. Amplaz vun engem generelle Verbuet vun esou Porno-Sitte wier d'Regierung éischter derfir, fir d'sexuell an affektiv Educatioun ze promouvéieren, sou déi dräi Ministeren.

Fir all suspekt Internet-Contenuen ass d'Stopline vu BeeSecure zoustänneg, déi illegal Dossieren a Sitte bei der Police an dem Parquet mellt.