E Sonndeg sinn d'Wieler vu Sandweiler opgeruff, am Kader vun engem Referendum, virop iwwer d'Fro, ronderëm en Neibau vun der Gemeng, ofzestëmmen.

Referendum zu Sandweiler / Reportage Fanny Kinsch

U sech ass e Sonndeg déi 3. Fro um Ziedel, awer ouni Zweiwel déi, déi bis elo zu Sandweiler de politeschen Zündstoff geliwwert huet.

Schonn an der leschter Legislatiounsperiod hat sech déi deemoleg CSV-LSAP-Collatioun mam Zoustand vum aktuelle Gebai befaasst. Eng Renovatioun war an d'Aen gefaast ginn. Ze deier, gouf de Projet deemools fale gelooss. No de Gemengewale vun 2017 krut d'CSV, mat "Déi Gréng", en neie Koalitiounspartner. Zesummen huet ee sech fir en Neibau entscheet.

"An den nächste Jore wäert d'Populatioun hei zu Sandweiler ëm 500 Bierger wuessen. Am aktuelle Gebai hu mer net genuch Raum, d'Gebai hätt dat een oder anert Joer iwwerbréckt. Ma et wier keng Gemeng gewiescht fir an d'Zukunft, fir de Bierger e gudde Service ze bidden an och genuch Personal anzestellen", sou d'Simone Massard-Stitz, Buergermeeschtesch vu Sandweiler.

Grad dee méi neie ronne Bau wier am Summer séier iwwerhëtzt. D'Fënstere wiere futti a Waasser géif am Keller stoen. Argumenter déi d'LSAP-DP-Oppositioun net gëlle léisst. Eng Petitioun géingt d'Ofrappe vum aktuelle Gebai, gouf 530 Mol ënnerschriwwen. Mat um Enn elo e Sonndeg dem Referendum.

"Wat mir elo presentéiert kruten, dat ass einfach iwwerdimensional, ze grouss, ze deier. Mir brauchen dat einfach net. Wat ech och nach reprochéieren, ass, datt mir keng Alternative proposéiert kruten, fir dat Haus do ze renovéieren. Do ass ni eppes komm", sou d'Jacqueline Breuer, LSAP-Oppositioun vu Sandweiler.

8,5 Millioune € géif den Neibau kaschten. Am Kader vun der Biergerversammlung am Mäerz goung Riets vun engem Sanéierungs-Projet, mat engem Stack drop setzen, an der Héicht vu 6 Milliounen Euro. D'Oppositioun hätt do eng méi bëlleg Versioun, awer ouni Ausbau. Tëscht enger Millioun an annerhallwer Millioun.

Froe gi sech zu Sandweiler gestallt, wat déi zwou éischt Froe vum Referendum ubelaangt:

"Wëllt Dir d'Spillplaz an déi gréng Plaz tëscht dem Kulturzentrum an der Izeger-Strooss fir d'Bierger erhalen?" Dee Site wier nämlech eng méiglech Alternativ fir en Neibau.

"Wëllt Dir, datt déi administrativ Servicer vun der Gemeng Sandweiler weider an engem Gebai ugebuede ginn?" Zentraliséieren oder Servicer an aner Gebaier delokaliséieren, ass hei d'Thema.

Fakt ass: E Sonndeg hunn elo eng 1.800 Walberechtegt Bierger d'Wuert. 1.800 vun am Ganzen 3.600 Awunner. Fir e Referendum, dee laut Gesetz e consultative Charakter behält.

"Mir hunn ons an der Majoritéit ganz vill Gedanke gemaach. Mir hunn ëmmer gesot, de Walowend analyséiere mer d'Resultat ganz seriö. Mir huelen dat och seriö. An da wäerte mer eis Entscheedung treffen, wéi mer eis entscheeden", sou Buergermeeschtesch vu Sandweiler.

Dee Referendum kéint lokal fir weidere Sprengstoff suergen. Awer och National werft dëse Referendum eng Rei Froen iwwer Sënn an Zweck, respektiv Organisatioun a reell Biergerbedeelegung, op.