D'Ministesch huet sech dofir ausgeschwat, datt sech de Staat an d'Gemengen d'Käschte vum CGDIS weider sollen deelen. Kritik doru gouf et jo vum Syvicol.

Dat 500-Säiten déckt Dokument gouf rezent vun der Inneministesch Taina Bofferding virgestallt. De "Plan national d'organisation des secours" definéiert d'Ziler fir d'Rettungswiese vu muer. Ënner anerem soll séchergestallt ginn, datt bannent enger Véierelstonn Hëllef op der Plaz ass.

E Mëttwoch de Moie gouf et zu deem Thema eng Aktualitéitsstonn an der Chamberplenière op Ufro vun der CSV. Een Thema waren do d'Finanzen.

PNOS / Reportage Pit Everling

Zivil Sécherheet gëtt et net zum Nulltarif, hat d'Ministesch Bofferding virun e puer Woche bei der Presentatioun gesot.
Den CSV-Deputéierte Marc Lies huet virun allem d'Contributioun vun de Gemengen e bëssen a Fro gestallt

Déi graff Schätzung vum Käschtepunkt läit bei 100 bis 150 Euro pro Awunner. De Ratio läit bei 50% fir de Staat a 50% fir d'Gemengen. D'Realitéit gesäit awer anescht aus. De Syvicol fënnt, datt d'Gemenge finanziell ëmmer méi gebeidelt ginn. De CGDIS ass en établissement public a fält domat ënner d'Gestioun vum Staat.

D'Inneministesch weist Versteesdemech fir d'Gemengen, déi wéinst der Pandemie zum Deel a finanzielle Schwieregkeete stieche géingen.  Ma et sollt ee bei sou engem wichtegen Thema net just d'Finanze kucken, sou d'Taina Bofferding, déi net wëlles huet, d'Opdeelung vun de Finanzen op de Leescht ze huelen

Ech hunn net wëlles, de Verdeelungsschlëssel ze änneren. De grousse Prinzip, datt Staat a Gemenge sech en Deel vum Budget deelen, dorunner halen ech fest. Et ass och net esou, dass alles fifty-fifty gedeelt gëtt. D'Samuen, de Fluchhafen an déi international Missioune gi reng vum Staat gedroen. D'Contributioune vun de Gemenge maachen am Endeffekt ee Véierel vum Gesamtbudget aus.

Et wéilt ee sech awer nach emol mat de Gemengen, notamment mam Syndikat Syvicol, un en Dësch setzen.

De Samu Lëtzebuerg 2 géing excellent zu Hesper funktionéieren, heescht et vun alle Säiten, ma dëse soll trotzdeem an de CNIS, also de Centre op der Cloche d'Or, transferéiert ginn. D'Ministesch wëll och bei deene Pläng bleiwen.
Dofir huet den CSV-Député-Maire vun Hesper kee Versteesdemech

Wann haut de Samu Lëtzebuerg 2 bei den Asaz-Zäite schonn d'Ziler vu muer erreecht, da soll d'Funktiounsweis och sou erhale ginn, fräi nom Prinzip: "never change a winning team"

Queesch duerch déi politesch Reie war ee sech eens, datt déi Fräiwëlleg eng ganz wichteg Roll am CGDIS spillen. Si sollen déi bescht méiglechst Konditioune gebuede kréien, sou d'Taina Bofferding

[...], dass mer déi fräiwëlleg bei der Staang halen an hinnen e Kader ginn. D'Gesetz huet eng ganz Rëtsch Mesurë virgesinn, fir hei d'Volontariat weider ze ënnerstëtzen.

D'lescht Joer hunn iwwregens 500 Fräiwëlleger sech gemellt.

Bei der Rekrutéierung géing eng national Strategie opgebaut an eng Campagne lancéiert ginn.  Et soll verstäerkt versicht ginn, Fraen an Net-Lëtzebuerger ze motivéieren, fir bei de CGDIS schaffen ze kommen, sou nach d'LSAP-Ministesch Taina Bofferding.