Impfunge géint Riedelen, Riselen a Mumps däerf een net vergiessen
D'Thema Impfen ass zanter Méint an aller Mond. Duerch d'Pandemie awer kruten déi "gängeg" Impfunge Retard.
Dat mierken d'Medezinner beispillsweis bei de Vaccine géint Longenentzündunge fir eeler Leit. Lo fir den Optakt vun der Gaardesaison sollt een och iwwerpréiwen, ob d'Tetanos-Impfung nach gutt ass - dës muss all 10 Joer erneiert ginn. An et ass den Opruff fir Leit, déi no 1980 gebuer sinn, de Rappel vun der Riedele, Risele, Mumps Impfung ze maachen. Kränkten, déi eigentlech quasi net méi virkommen.
Den Impfschäin reegelméisseg vum Dokter iwwerpréiwe loossen, ass e wichtege Geste. Besonnesch och fir viral Kränkten, wéi d'Risele, Mumps an d'Riedelen net nees opkeimen ze loossen. Persounen, déi hir zweet Dosis net kruten, hu kee vollstännegen Impfschutz. Dat war och e Grond, firwat déi extreem ustiechend Riedelen 2019 hire Wee nees an de Grand-Duché fonnt haten.
A puncto Infektiositéit kann de Coronavirus sech nach eppes ofkucken: am Schnëtt stécht eng Persoun, déi mam Riedele-Virus infizéiert ass, 12-18 anerer un.
Déi meescht Persounen, déi virun den 80er Joren op d'Welt koumen, haten d'Riedelen a wieren doduerch immun. Si kéinten de Virus och net méi iwwerdroen, seet d'Dr Berthet, Directeur adjointe vun der Santé. D'Riedele si meldeflichteg. Déi viral Infektioun dauert bis zu 2 Wochen a kann zu uerge Komplikatiounen, wéi Méningiten an Encéphaliten, also Entzündunge vum Gehier, féieren
Riselen iwwerdeems verlafen dacks onbemierkt, kënnen awer wärend enger Schwangerschaft dat Ongebuerent schwéier schiedegen. Beim Mumps schwëlle verschidden Drüsen un. Méiglech Komplikatioune sinn eng Bauchspeicheldrüsen-Entzündung oder Diabetes.
Dës 3 Kränkte plus d'Waasserpouke ginn haut vun engem combinéierte Vaccin ofgedeckt, deen an zwou Dosisse gesprëtzt gëtt. 90% vun der Populatioun zu Lëtzebuerg kruten dës och. Bal 99% kruten eng Dosis.
Mir wären gutt opgestallt, mä dat bräichte mer als klengt Land mat villem Va-et-vient och, seet de Generalist Dr Jean-Paul Schwartz. De Virus wier nees séier do, dat hätt ee jo gesinn, wéi et 2019 e Cluster an enger Schoul gi wier.
Dat Joer hat d'Opkomme vu Riedelen sech weltwäit vervéierfacht. Duerch d'Pandemie ass d'Verbreedung zréckgaangen. Zu Lëtzebuerg gouf et 2020 kee Fall méi. Deemnächst awer kéinten d'sanitär Mesuren a ville Länner manner streng ginn. E komplette Schutz wär dann ëmsou méi wichteg. Esou der Santé hir Aschätzung.