Um DonneschdegE Lëtzebuerger gouf zu Däitsch-Oth a Frankräich festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Hie gouf wéinst Bedruch mat Kryptowärungen international gesicht. Et soll sech dobäi ëm de Frank Schneider handelen, mellt de Républicain Lorrain.

De fréiere Mataarbechter vum Geheimdéngscht hat eng zentral Roll an der Srel-Affär vun 2012-13 gespillt.

Den Numm vum Frank Schneider wier an engem Prozess ëm de OneCoin-Bedrug zu New York e puer Mol genannt ginn.

Am Zesummenhang mat illegalen Oflauschteraktioune vum Srel am Joer 2007, ënnert dem fréiere Premier Jean Claude Juncker, war de Frank Schneider am Srel-Prozess d’lescht Joer fräigesprach ginn.

Back to Top
CIM LOGO