
Hannergrond sinn d’Fuerderunge vun der Staatsbeamtegewerkschaft a puncto Gerance vun der Covid-Pandemie. D’CGFP hätt gär, dass bestëmmte Beruffsgruppen aus dem ëffentlechen Déngscht, déi méi e grousst Risiko lafen, fir sech unzestiechen, prioritär solle geimpft ginn. Gemengt sinn domadder beispillsweis d’Polizisten oder d’Enseigementspersonal.
D’CGFP gëtt sech net dermat zefridden, dass ee sech elo fräiwëlleg op d’AstraZeneca-Lëscht kann aschreiwen an d’Diskussioun domadder elo soll fäerdeg sinn.
D’Staatsbeamtegewerkschaft schwätzt an engem rezente Communiqué och dervun, dass déi zwee Ministeren, déi fir d’Beräicher Police an Educatioun responsabel sinn, sech am Regierungsrot souguer derfir staark gemaach hätten, dass déi Leit prioritär geimpft solle ginn, wat awer net zeréckbehale gi wier.