
D’Schëff “Princesse Marie Astrid II” kënnt zréck op Lëtzebuerg, sou d’Nouvelle kuerz virum Europadag e Sonndeg. Wat et mat dëse Pläng op sech huet a wisou et an Zukunft nach eng “Princesse Marie Astrid” soll zu Lëtzebuerg ginn, d’Diana Hoffmann mat den Erklärungen.
Bei der “Princesse Marie Astrid”, vun där hei rieds geet, handelt et sech ëm dat Schëff, op deem am Dräilännereck zu Schengen de Grondstee fir en Europa ouni Grenze geluecht ginn ass. 1985 ass u Bord de Schengen-Accord ënnerzeechent ginn. 1990 dann de Vertrag, deen d’Ëmsetzung vun dësem reegelt. Dass “nëmmen” Staatssekretären, fir Lëtzebuerg de Robert Goebbels, ënnerschriwwen hunn, weist, datt een deemools net sou Recht un de Projet vun engem grenzelosen Europa gegleeft huet. Bis zur Ëmsetzung sollt et dann och nach e bëssi daueren.Nodeems d'“MS Marie-Astrid“ hiren Déngscht zu Lëtzebuerg erfëllt hat, an een en neit, méi modernt Schëff wollt, fir d’Leit iwwert d’Musel ze féieren, gouf dat Schëff, wat 1985 a Betrib gaangen ass, 1992 un en neie Besëtzer am däitsche Regensburg verkaaft. Ënnert dem Numm “Regensburg” féiert et elo Touristen iwwert d’Donau. Elo freet ee sech, wisou dat Schëff, op deem esou en historesch wichtege Moment an der Geschicht vu Lëtzebuerg a vu ganz Europa war, iwwerhaapt verkaaft ginn ass. “Deemools war ee sech der Envergure vun dem ganze Projet nach net wierklech bewosst”, ënnersträicht de Michel Gloden, Buergermeeschter vu Schengen. Eréischt 1995 nämlech ass Europa ouni Grenzen och zu enger geliefter Realitéit ginn.D’Iddi, dat historescht Schëff zréckzekafen, ass dann awer net ganz esou rezent. D’Schengen-ASBL wollt et nämlech schonn eng ganz Partie Joren hunn, fir et ze revaloriséieren, spréch, et de Leit zu Lëtzebuerg erëm zougänglech ze maachen. Wou et dunn 2019 an Däitschland zum Verkaf stoung, huet d’Gemeng Interessi gewisen a sech mam Tourismusministère kuerz geschloss. Fin Mot: “Marie Astrid” is coming home, wéi en zefriddene Buergermeeschter um Donneschdeg de Mueren annoncéiert huet.D’Virverkafsrecht ass ënnerschriwwen, e Quai gëtt fir d’Schëff op enger Ronn 200 Meter vum Europamusée ewech zu Schengen gebaut. No den Ausschreiwunge wäerten d’Aarbechten 2024 ufänken, sou hofft den Tourismusminister Lex Delles. D’Schëff wier nach tipptopp an der Rei an TÜV gepréift. Trotzdeem wäert et fir seng nei Zwecker nach ëmgebaut musse ginn. D’Iddi ass, datt e Musée u Bord den Europamusée komplettéiert. Deen Deel, wou dat historescht Ofkommes ënnerschriwwe gouf, wier nach gréisstendeels original a soll esou och selbstverständlech erhale bleiwen, betount de Lex Delles. D’Schëff soll zu engem Lieu de Rencontre ëmgebaut ginn, mä weiderhin och fuere kënnen. Dëst, datt et och op anere Plazen an Europa kann uleeën an de Leit d’Geschicht méi no bréngen.Mat der neier, aler “Princesse Marie Astrid” soll den Tourisme de Mémoire zu Lëtzebuerg gefuerdert ginn. Wéi dringend et ka sinn, Geschicht oprecht z’erhalen, ass de Leit net méi spéit wéi zejoert nach eng Kéier kloer virun A gefouert ginn. Wéinst der Pandemie war aus dem ferne Berlin decidéiert ginn, d’Grenz zou ze maachen. Zoue Grenzen! En Affront fir d’Leit aus dem Grenzgebitt, déi den Europafändel erëm ganz héich gehalen hunn.Als Ambassadrice quasi soll elo déi no der Prinzessin benannte Marie Astrid II vun 2025 un ze besichtege sinn. Wéini d’Schëff zu Lëtzebuerg alafe wäert, ass awer nach net ganz kloer. Bis zum Enn vun dësem Joer wäert et awer allem Uschäin no nach Touristen iwwert d’Donau féieren, ier et da fir edukativ Zwecker hei am Land agesat wäert ginn.

| ||||