De Gardiennage vun enger privater Sécherheetsfirma am Garer Quartier an zu Bouneweg ass deene Lénken en Dar am A.

D'CSV an d'DP-Buergermeeschtesch Lydie Polfer loossen net labber. Op en neits waren d'Sécherheet respektiv d'Kriminalitéit an eiser Haaptstad Sujet an enger gemeinsamer Chamberssëtzung vun de Kommissioune fir Sécherheet an Justiz, d'CSV-Fraktioun hat déi gefrot. Do hunn virop d'Stater Politiker de Policeminister opgefuerdert, lafend Dossieren endlech ze acceleréieren. Ma d'Situatioun ass immens komplex.

Sécherheet an der Stad / Reportage Pierre Jans

D'Drogekriminalitéit ass e vaste Problem, deen nach net geléist ass, dat stellt keen Deputéierten a Fro. Dofir hält de Laurent Mosar, dee kommunal an national fir d'CSV aktiv ass, sech drun.

''Well mir och zum Deel mat neie Fäll vu Kriminalitéit ze dinn hunn, wéi déi Iwwerfäll am Dag, déi mat Aggressioune verbonne sinn. Mir soen dat als CSV schonn zanter Méint. Déi Situatioun spëtzt sech zou.''

Spëtzt se sech effektiv zou?

RTL huet d'Zuele bei der Police nogefrot a waart op e Retour. De Radio 100komma7 huet en Donneschdeg gemellt, d'Zuel vun Iwwerfäll, déi daagsiwwer an de Stroossen vun der Stad geschéien, wär net geklommen, a berifft sech op Donnéeë vun der Police. Am Mount Abrëll wären et 3,5 esou Déifställ mat Gewalt ginn, wou virun allem Bijoue geklaut goufen. Domat wär d'Behaaptung vun der Lydie Polfer (DP) et géif där Vollen 10 pro Woch ginn, widderluecht. Och de Laurent Mosar berifft sech op Zuelen, déi d'Deputéiert vun der Police kritt hätten.

''Iwwerfäll mat Aggressiounen ass en neie Phänomen. Do ass eis gesot ginn, dass dëst Joer schonn 30 Protokoller do adresséiert goufen. Eleng am Abrëll gouf et 19 sou Fäll. Dat sinn organiséiert Banden, déi do d'Bierger iwwerfalen. Dat ass fir eis als politesch Responsabel vun der Stad net akzeptabel.''

Och vun organiséierte Banden ass rieds. An dem Laurent Mosar no hätt d'Police an der Lutte géint dës och schonn deen een oder anere Succès gehat.

"Platzverweis light" kënnt net virun

Eng aner grouss Kritik vun der Allianz Polfer a Mosar ass, dass d'Instrument vum sougenannten ''Platzverweis light'' net viru kéim. En éischten Entworf vum Gesetzprojet wär am Regierungsrot beschwat ginn a wär du fir en Avis bei de Staatsrot geschéckt ginn. Dat confirméiert déi gréng Deputéiert Stéphanie Empain. D'Regierung ass sech hirer Saach also net ganz sécher. Och d'Stéphanie Empain ass net géint esou en Instrument, äussert awer kleng Zweiwelen.

''Mir schwätzen net gär vu Platzverweis an och net vu Platzverweis light. Et geet drëms, der Police d'Méiglechkeet ze ginn, dass den Accès zu der Entréesdier fräigemaach gëtt. Dass mer de Leit hire Problem léisen, ouni elo e Verdrängungseffekt ze hunn.''

Et gëtt Kriminalitéit an der Stad, do ass jiddereen sech eens. Mä bei der Urgence an der Fro, wéi drastesch d'Mesurë musse sinn, ginn d'Meenungen auserneen.

D'CSV an d'Lydie Polfer fuerdere vum Henri Kox, dass en all déi involvéiert Acteuren opfuerdert, zesummenzeschaffen. Et muss eppes geschéien, seet de Laurent Mosar.

Der grénger Stéphanie Empain no missten d'Ministèren effektiv zesummeschaffen, fir dass virop manner Mënschen an d'Situatioun kommen, wou se fir aner Leit eng Gefor duerstelle kéinten.

Stater Sektioun vun déi Lénk wërft der Inneministesch "Inaktioun" vir

D'Stater Sektioun vun déi Lénk geet am Kader vun der Debatt iwwer d'Sécherheet an der Stad Lëtzebuerg juristesch géint d'Decisioune vun der Inneministesch Taina Bofferding an dem Stater Schäfferot vir.

D'Gemengeconseilleren Ana Correia Da Veiga an de Guy Foetz hunn zwee Recourse virum Verwaltungsgeriicht agereecht.

Si reprochéieren der Inneministesch "Inaktioun". Si géif näischt ënnerhuelen, dobäi géifen dës Patrulle géint d'Constitutioun verstoussen. An de Schäfferot vun der Buergermeeschtesch Lydie Polfer géif der Saach och keen Enn setzen, ganz am Géigendeel, bedauert de Guy Foetz am RTL-Interview.

Déi Lénk selwer géifen déi schwiereg Situatioun a verschiddene Quartieren net wëlle kleng rieden. D'Sécherheet dierft awer net privatiséiert ginn. Déi Lénk fuerdere méi sozial Mesuren: Ënnert anerem, dass d'Hëllef fir Leit mat Drogeproblemer net nëmmen am Land, mä och an der Stad dezentraliséiert soll ginn.