D'Cour administrative huet 2 Urteeler vum Verwaltungsgeriicht vu Juli 2020 e Freideg confirméiert.

Den allgemenge Bebauungsplang vun der Haaptstad, de PAG, ass deels annuléiert.

Zum engen ass de Recours vu Bierger géint e Bebauungsplang um Schëttermarjal um Kierchbierg zeréckbehale ginn. Zum anere war et e Recours géint de Quartier tëscht der Avenue John F. Kennedy an dem Weimeschhaff.

Domadder ass d'Urbanisatioun vun enger Rei Hektar um Kierchbierg a Fro gestallt. Haaptgrond fir d'Annulatioun vun de Bebauungspläng ass d'Net-Anhale vun Ëmwelt-Impakt-Prozeduren. D'entspriechend Autorisatioune vum Innen- oder vum Ëmweltministère sinn duerch d'Urteel vun e Freideg de Moien och annuléiert.