Zanter 2 Méint huet de Formatiounszenter Krakelshaff an der Zone industrielle zu Beetebuerg seng Dieren op.

Och Weiderbildungen, déi d'Transitioun énergétique fërderen, ginn hei ugebueden. A sou ass d'Gebai vum Centre de Compétences Génie Technique  eréischt richteg komplett, mat dem Finissage vun der Photovoltaikanlag um Daach, déi den Energieminister Claude Turmes rezent ageweit huet.

Formatiounszenter Krakelshaff / Reportage Diana Hoffmann

An der grousser Hal vun enger 30 op 30 Meter gëtt geschafft. Eng Partie Employéë vun Entreprisë kréien op dësem Nomëtteg a klenge Gruppen hir Formatioun. Allerhand Saache stinn hei ronderëm: Solarpannelen, en Deel vun enger Chaudière, souwéi vill aner Apparater, déi fir de Laien absolut net zouzeuerdne sinn. An dësem Kader erkläert de Gerant vum Centre de Compétences Génie technique, Marc Ant, wat dann hei u Formatiounen ugebuede ginn: "Dat sinn technesch Kompetenze fir 40 verschidde Métieren am artisanal, mä och an anere Métieren. Et sinn technologesch Kompetenzen. Mir hunn och ganz vill Formatiounen, déi op Informatik baséieren. Mir maache Management-Formatiounen. Mir maache ganz vill Softskills-Formatiounen, wou d'Leit ebe Konfliktmanagement, Kommunikatioun léieren a sou weider. Och Gestion de Projet, Gestion de Chantier... sou Saache maache mer."
 

An dëst op engem Terrain sou grouss ewéi 3 an en halleft Fussballfeld. D'Formatioune ginn an enger vun den 2 groussen Halen oder vun de 6 Formatiounssäll ofgehalen. Dës Offer existéiert awer net eréischt zanter der Finaliséierung vun dem Bâtiment zu Beetebuerg. An anere Gebaier goufen an deene leschte 4 Joer schonns eng 25.500 Employéen aus ënnerschiddleche Beräicher weidergebilt: "D'Entreprisë schécken d'Leit, well mir op d'Funktioune vun den Entreprisen ausbilden. Mir hunn zum Beispill de Beruff do vun de Frigoristen. Dat ass eng nei Dimensioun am Beräich Sanitär-Chauffage vu groussen Anlagen, Killanlagen. An déi Leit, déi do kommen, dat ass, well d'Entreprisë wëllen Opträg kréien an deem Domän. An da soen se, da bilde se déi Leit gären aus. Da soe mir jo, mir maachen de Programm, mir bauen d'Atelieren op, well déi Apparater, déi do stinn, hu mir selwer gebaut. An da kommen déi Leit heihinner."

An esou Beispiller, wéi d'Beruffsbild sech verännert huet, gëtt et a ville Beräicher. De President vun der Handwierkerfederatioun, de Michel Reckinger: "D'Energie Transitioun huet mat sech bruecht, datt d'Techniken am Gebai komplett änneren. Wa mer lo nëmmen eng Masuttsheizung eraushuelen, an eng Wäermepompel maachen, dat sinn 2 ganz verschidden Aart a Weisen, fir Hëtzt ze maachen. Dat selwecht gëllt awer och an de Fassaden. Fréier gouf et keng Isoléierung, da gouf et Styroporisoléierung, haut schwätzt ee vun natierlechen Isoléierungen, dat evoluéiert."

Dofir sinn déi permanent Formatiounen, déi den Employéë vun den Entreprisen ugebuede ginn, néideg. Et soll een also keng Angscht hunn, fir an d'Handwierk ze goen, well et wier e Beruff mat Zukunft, sou den Energieminister Claude Turmes, deen en Appell un déi Jonk riicht: "Mäi Message un Iech Jonk ass, gitt op d'Strooss freides, a vu méindes bis freides brauche mer iech awer och an den Handwierksbetriber, fir Solaranlagen ze montéieren, elektresch Bornen opzeriichten, fir Elektroautoen, fir Fassaden ze isoléieren. Handwierk ass en immens schéine Beruff, a wann Dir wëllt eis all hëllefe beim Klimaschutz, da gitt Handwierker."

"Artisans for future" also? Ma d'Entreprisen hunn d'Wichtegkeet vun dësem  - soe mer mol grénge Marché - schonn erkannt, sou wéi iwwerhaapt déi vun enger stänneger Weiderbildung. Dofir gëtt och 0,5 Prozent vun der Masse salariale vun den Entreprisen aus dem Secteur Génie technique vum Batiment a Parachèvement an de Centre de Formatioun investéiert.