"Amazon just zu Lëtzebuerg, fir Steieren z'evitéieren"
„D’Aktionäre vun Amazon musse bezuelen“, dat war d'Thema vun enger Manifestatioun e Mëttwoch de Mëtteg virum Sëtz vun Amazon um Kierchbierg.
Eng 15 Demonstrante waren dem Opruff vun der däitscher Fondatioun ethecon, der internationaler Beweegung "Make Amazon Pay" an der Lëtzebuerger Kommunistescher Partei nokomm. Si soen, Amazon hätt säin europäesche Sëtz zu Lëtzebuerg just fir Steieren z'evitéieren - ma dat ass net deen eenzege Reproche géint de weltwäit gréissten Online-Händler.
Amazon wier ee vun de grousse Gewënner vun der Corona-Kris. Well d'Leit doheem bliwwe sinn, ware se méi op d'Bestellen ugewisen. D'Aarbechtskonditioune vun de Mataarbechter hätte sech awer net verbessert - am Contraire, seet den John Malamatinas vun der Associatioun "Make Amazon Pay":
"Amazon parle de 500.000 nouveaux travailleurs pendant la pandémie. Et nous on est en contact avec beaucoup de travailleurs dans tout le monde, surtout en Allemagne, et là on sait qu'il y avait des mesures d'Amazon qui sont un peu contradictoires par rapport aux mesures mises en place par l'état. Par exemple, il y a un journaliste, qui a trouvé en Allemagne que Amazon ne voulait pas que les gens portent les FFP2-masques dans une usine."
Dat fir dass d'Mataarbechter net ze laang Pause misste maachen. Aner bekannte Praxisse wieren zum Beispill, datt d'Leit esou kuerz Pausen hätten, dass se net kéinten op d'Toilette goen. Nieft de schlechten Aarbechtskonditiounen an hire Fabricken hätt Amazon och en negativen Impakt op d'Ëmwelt, seet den Niklas Hoves vun der däitscher ethecon-Stëftung. Duerch d'Liwwerunge géing méi CO2 ausgestouss gi wéi wann d'Leit selwer akafe ginn.
"Außerdem gibt’s Amazon Prime, dafür hat Amazon extra Luftpostmaschinen gechartert, es wird also über Luft verfrachtet, was noch umweltschädlicher ist als auf dem Landweg oder auf der Schiene oder auf dem Wasser. Und außerdem vernichtet Amazon systematisch Retouren, Neuwaren, die komplett brauchbar sind und neu sind und hat daraus sogar ein Geschäftsmodell gemacht und verkauft diesen Service, die Vernichtung von Neuwaren, an andere Firmen."
Amplaz eppes géint des Praxissen ze maachen, géifen d'Regierungen ëmmer méi zum Spillball vu grousse Konzerner ginn.
"Hier in Luxemburg werden schlussendlich miese Arbeitsverhältnisse in ganz Europa organisiert und abgewickelt. Und das auch noch an der Steuer vorbei. Das ist ein Unding und wir haben in den letzten zwei Jahren gesehen, dass die Staaten immer weniger dazu in der Lage sind, dem überhaupt irgendwas entgegen zu setzen."
Ëmsou méi skandaliséiert ass den Aktivist vum rezenten Urteel vum europäesche Geriichtshaff, dee fonnt huet, dass Lëtzebuerg keng Steiere misst vun Amazon zeréckfuerderen. D'ethecon-Stëftung géing och dofir kämpfen, dass déi Decisioun nach ee mol op de Leescht geholl gëtt.
D'Reaktioun vum Amazon
Amazon statement - on record:
Critics attack Amazon on many different topics and we have become a beacon for organisations wanting to raise awareness for their causes. The fact is we offer excellent pay, excellent benefits, excellent opportunities for career growth and, most importantly, all while working in a safe, modern work environment.
Amazon pays all the taxes required in every country where we operate. We’ve invested well over €78 billion in Europe since 2010, and much of that investment is in infrastructure – we now have 60 fulfilment centres, over 100 corporate offices and development centres, and over 135,000 full-time employees across Europe.
We operate this pan-European business from our headquarters in Luxembourg where we have over 3,000 employees and growing, including our senior leadership team.
Additional background
Here is a link to our latest jobs blog for Luxembourg, where we announced the creation of 600 roles this year: https://blog.aboutamazon.eu/company-news/creating-a-variety-of-jobs-in-luxembourg