Dës Woch weise mer Iech wat spezifesch un de Lëtzebuerger Bëscher an de verschiddene Regioune vum Land ass.

Vu Bichen, Louhecken a Fiichten

Een Drëttel vum Lëtzebuerger Territoire si Bëscher. Och wann de Grand-Duché vun der Fläch hier ee vun de klengste Staaten ass, sinn d'Bëscher an alle Regioune ganz verschidden. D'Problemer déi se hunn, duerch méi waarm Temperaturen a manner Reen, sinn änlech.

Dës Woch weise mer Iech wat spezifesch un de Lëtzebuerger Bëscher an de verschiddene Regioune vum Land ass. Vill Geschichte gëtt et ze zielen, iwwert d'Bëscher am Éislek bis erof an de Minette.

Deel 3: De Bësch am Minette: Bichebësch an Trockenrasen

Deel 3 - De Bësch am Minette: Bischebësch an Trockenrasen

Mir si vill gewuer ginn déi lescht Deeg iwwert d'Problemer, déi eis Beem hunn, fir z'Iwwerliewen, an eiser Serie iwwert den Zoustand vum Bësch. Am drëtten Deel si mer am Süde vum Land, do fënnt een de charakteristesche Kallek-Buche-Bësch.

Awer och eng aner Zort - eng vum Mënsch gemaachen. Nodeems mam Dagebau opgehale gouf, hat ee plazeweis richteg Moundlandschaften. Mëttlerweil huet sech d'Natur dat nees zréckeruewert, Trockenrasen huet sech gebilt, mat dat wäertvollst Naturschutzgebitt wat mer hei am Land hunn.

Deel 2: De Bësch am Osten, Manternacher Fiels an d’Eechebësch

Deel 1: De Bësch am Éislek gepräägt duerch d'Lieder-Industrie