Touristen aus Lëtzebuerg mussen net méi a Quarantän

© Fabrice COFFRINI / AFP
No der Aktualiséierung vun en Donneschdeg gëtt Lëtzebuerg net méi als Risikoland an der Schwäiz ugesinn.
Niewent dem Grand-Duché ass zënter dem 3. Juni och den Iran, Kroatien, d'Tierkei, Zypern an eng Partie Regiounen aus Däitschland, Frankräich an Italien net méi op der Lëscht.
Lëtzebuerg steet zënter Ufank Februar op dëser Lëscht, ma gouf elo e Mëttwoch vun der schwäizerescher Santé erofgeholl, dat well d'Infektiounszuelen niddreg sinn.
An der Reegel gëtt dës Lëscht all 14 Deeg ugepasst.
Persounen déi geimpft sinn an d'Impfung net méi laang wéi 6 Méint zeréckläit, kënnen dann och fräi iwwert den ëffentlechen Transport an d'Land reesen, net-geimpfte Leit kënnen ouni Test mam Auto areesen. Wann een als Net-Geimpften an d'Schwäiz mam ëffentlechen Transport areese wëll, muss e Formulaire ausfëllen, mam Fliger brauch een en negative PCR-Test.
Hei geet et op den offizielle Site mat der Lëscht vu Länner, déi als "Risikolänner" an der Schwäiz ugesi ginn.