D'Copas ass net mam aktuellen Text vum neie Covid-Gesetz averstanen, dat bis spéitstens e Samschdeg muss vun der Chamber gestëmmt ginn.

D'Prestatairë vun Alters- a Fleegeheemer stéiere sech op méi Punkten u Passagen aus dem Gesetz; virun allem, wat d'Testflicht zweemol d'Woch vum Personal ugeet. Hei dierft keng Differenz gemaach ginn tëscht externem Personal, Visiteuren a Leit, déi bannent den Institutioune schaffen an ënnert de Statut vun de Santésberuffer falen.

Fir jiddweree misst déi selwecht Zort vun Tester gëllen: also PCR- oder séier Antigentester; et dierft also keng Differenz op Basis vum Statut gemaach ginn.

Dann hannerfreet d'Copas d'Konsequenzen, déi dat neit Covid-Gesetz wäert op de Schutz vun der Privatsphäre vum Personal hunn, well dës Leit u sech gehale sinn, dem Patron matzedeelen, ob se geimpft sinn, wa se dann den obligatoreschen Test refuséieren. Der Copas no misst wéinst dësem spezielle Punkt eng extra Mentioun an d'Gesetz bäigesat ginn.

E weidere Punkt, deen d'Copas hannerfreet, ass d'Méiglechkeet, datt de Patron e Salarié ka vu sengem Posten ecartéieren, wa refuséiert gëtt, en Test ze maachen.

Op deem Punkt gëtt sech gefrot, wien dann de Remplacement vun dëser Persoun bezilt an ob de Staat fir dës Fraisen opkënnt - vun der Organisatioun bannent de Strukture guer net schwätzen, wa bis Leit mussen heemgeschéckt ginn, déi den obligatoreschen Test net wëlle maachen.