Zesumme mat den Deputéierten aus verschidde Kommissioune gouf e Méindeg iwwert am ganzen 5 Resolutioune beroden.

Stress an Angschtgefiller an der Schoul, Migratiounspolitik, dat drëtt Geschlecht, d'Kompetitivitéit vu klengen a mëttleren Entreprisen an den Impakt vun der Landwirtschaft op d'Ëmwelt an d'Gesondheet. Dat sinn d'Theme vun de Resolutiounen, déi d'Jugendparlament e Méindeg mat Ministeren an Deputéierten an der Chamber diskutéiert huet. Wat si fuerderen, erkläert d'Nadine Kremer.

Hearing Jugendparlament / Reportage Nadine Kremer

Ee grousse Sujet war de Stress an déi doduerch ausgeléisten Angschtgefiller an der Schoul, déi ee groussen Impakt op déi mental Gesondheet an d'Leeschtung vun de Schüler hunn. Zemools wärend der Pandemie hu sech dës Problemer verstäerkt gewisen, seet den Till Winzen, President vun der Educatiounskommissioun.

"Datt d'Assignments ganz spéit eréischt ugekënnegt ginn. Zum Beispill um 5 Auer owes an da muss ee se muer hunn. An net jiddereen ass permanent um Handy. Oder och wann d'Proffe mengen, si missten de Schüler Assignments ginn iwwer d'Feierdeeg oder Vakanzen a si dann erreeche muss un Auerzäiten, wou et hinne guer net passt."

Donieft war d'Migratiounspolitik een Thema. D'Jugendparlament appelléiert fir méi Sensibiliséierung iwwer Integratioun, d'Situatioun a Flüchtlingslageren an d'Aféiere vun enger psychologescher Betreiung fir Flüchtlingen.

Sensibiliséiert ginn, misst och méi iwwer dat drëtt Geschlecht, esou d'Iness Chakir, Generalsekretärin vum Jugendparlament:

"Mir wëllen der Jugend bäibréngen, dass keng Casen existéieren. Dat heescht, mir kënnen och eppes aneres si wéi eng Fra oder ee Mann. Dat heescht, mir wëllen d'Jugend sensibiliséieren, awer och d'Populatioun, déi net genuch doriwwer weess."

Um Agenda stoung och d'Kompetitivitéit vu klengen a mëttleren Entreprisen, besonnesch am Post-Covid-Kontext. Et soll méi einfach ginn, eng nei Entreprise ze grënnen, fuerdert de Charel Bollig, President vun der Economiekommissioun.

"Fir d'éischt emol hu mir eis virgestallt, dass d'Käschten, fir eng Entreprise ze grënnen, misste reduzéiert ginn a gläichzäiteg eben och d'Durée vun deene sëllege Prozeduren, déi néideg sinn, fir eng Entreprise kënnen opzemaachen, déi muss optimiséiert a staark reduzéiert ginn."

Och den Impakt vun der Landwirtschaft op d'Ëmwelt an d'Gesondheet interesséiert déi Jonk. Zu Lëtzebuerg gëtt am europäesche Verglach mat 7,3 Prozent vill Bio kaf, mee proportionell wéineg produzéiert. D'Pestiziden aus der traditioneller Landwirtschaft wieren awer schlecht fir d'Ëmwelt, d'Waasserqualitéit esou wéi d'Gesondheet vum Mënsch. D'Jugendparlament fuerdert dofir de Gebrauch vu Pestiziden ze limitéieren, d'Bio-Landwirtschaft auszebauen an d'Leit ze sensibiliséieren.

D'Resolutioune sinn am grousse Ganze gutt bei den Deputéierten a Ministeren ukomm. Wéi geet et elo fir d'Jugendparlament weider? De President Hugo Da Costa:

"Mir limitéieren eis elo net nëmmen op den Hearing, mä mir maachen de Suivi nach weider bei anere politeschen Acteuren, wéi zum Beispill Ministeren. Mir probéieren de Suivi wierklech breet ze maachen, fir dass mir esou vill Impakt kënnen hu wéi méiglech."

Mam Iness Chakir kritt d'Jugendparlament dann d'nächst Joer déi éischte Kéier eng Presidentin.