1 Persoun gouf schwéier verwonnt, 12 anerer méi liicht
© Domingos Oliveira / RTL
Wéi d'Administration pénitentiaire bestätegt, koum et e Freideg de Moie géint 6 Auer zu engem Brand am Schraasseger Prisong. Eng 50 Pompjeeë waren am Asaz.
E Prisonéier hat e Feier a senger Zell geluecht an huet sech dobäi gréisser Brandwonnen zougezunn. No enger éischter Behandlung vum Samu gouf en an de "Centre de traitement des grands brûlés" op Metz transportéiert.
En zweete Prisonéier gouf mat enger Dampvergëftung an d'Spidol op de Kierchbierg bruecht. E weidere Prisonéier an e sëllege Giischtercher koume fir eng Kontroll an de Centre hospitalier Émile Mayrisch. Am Bulletin vum CGDIS ass rieds vun 13 Blesséierten insgesamt.










Iwwer 50 Pompjeeë waren am Asaz, fir d'Feier ze läschen a sech ëm déi medezinesch Versuergung ze këmmeren. Si koume vu Jonglënster, Esch, der Stad, Sandweiler, Hesper, Nidderaanwen, Mutfert a Kanech. Ambulanze koumen aus der Stad a vun Esch.
D'Police technique vun der Police judiciaire këmmert sech ëm d'Enquête.
E Freideg de Moie gouf et dann nach 2 Accidenter, eent tëscht Duelem a Méideng, grad ewéi eent zu Capellen. Bei béiden Accidenter goufen et jeeweils 1 Blesséierten.