Konferenz iwwer mannerjäreg Flüchtlingen ouni Begleedung
D'Zuel u mannerjärege Flüchtlinge klëmmt weltwäit. Zejoert sinn iwwer 82 Millioune Mënschen aus hirem Land geflücht. Dat sinn der 4% méi wéi nach 2019.
42% vun de Refugiéë si mannerjäreg a ronn 1 Millioun Kanner sinn als Flüchtling gebuer ginn.
Lëtzebuerg war dat éischt EU-Memberland dat zejoert 12 jonk, net begleet Flüchtlingen opgeholl hat, déi a Griicheland a ganz schlechte Verhältnisser gelieft hunn. Ugangs vun dësem Joer si weider 4 "Mineurs non accompagnés" aus dem Lager vu Moria an de Grand-Duché komm.
Iwwer 60 Mannerjäreger, déi internationale Schutz ugefrot hunn, si momentan a Lëtzebuerger Foyeren ënnerbruecht.
Ma net all geflüchte Jugendleche kënnt geplangt op Lëtzebuerg an och net jidderee kritt automatesch e Flüchtlingsstatut, mat deem eng Prise en charge an Integratiounsprozedur zesummenhänkt. Problematesch wier et wa geflücht Kanner onverhofft bei enger Institutioun hei am Land no Hëllef froen, erkläert d'Ombudman Claudia Monti.
Claudia Monti: "Et ass eréischt dee Moment, wou se iergendwou opgefaange gi sinn, wou ee kuckt, wat ee mat hinne mécht. An da kënnt et natierlech och drop un, ob se de Statut ufroen. Wësse se, dass se de Statut iwwerhaapt kënnen ufroe vum Refugié oder froe se deen net un? Wa se en net ufroen, dann ass natierlech de Problem, et ass u sech net virgesinn e Jonken, dee kee Statut huet."
Et géif zu Lëtzebuerg ze vill nom Statut amplaz nom Kand selwer gekuckt ginn, bedaueren déi verschidde Representanten, déi un der Visiokonferenz, déi vum Flüchtlingsrot organiséiert gouf, deelgeholl hunn. Kritik gëtt et och u medezineschen Tester, wéi Röntgen, am Fall wou Zweiwel bestéingen, dass de Flüchtling mannerjäreg ass. Ausserdeem wier et néideg, zukünfteg de Fokus nach méi op déi mental Gesondheet ze leeën an déi psychologesch Betreiung vun den onbegleete Mineuren.
Dräi Ulafstelle fir mannerjäreg Flüchtlinge
Net begleete Flüchtlinge wieren extra vulnerabel. Dofir misst een hinne prioritär hëllefen. Mä dacks geschitt dat just, wann d'Kanner an eng gewësse Case falen an et eng kloer Prozedur gëtt, seet d'Cassie Adélaïde vun der Fondatioun Passerell.
"Tous les acteurs qui prennent part à une décision concernant un enfant devraient s'appuier sur des critères qui couvrent des aspects à la fois affectifs, familiaux, sociaux, éducatifs et sanitaires. Or, actuellement, on a tellement le focus sur „On est dans quelle case adminsitrative" qu'on se pose peut-être moins la question de l'intérêt supérieur de l'enfant."
Dräi méiglech Ulafstelle fir mannerjäreg Flüchtlinge sinn d'Caritas, d'Croix-Rouge an d'Fondation Maison de la Porte Ouverte. Do ginn déi Jonk encadréiert an et gëtt probéiert, si duerch d'Schoul an de Sport an d'Societéit ze integréieren.