Fir d'éischt muss de legislative Kader, grad wéi d'Dispositioune vum Dateschutz kloer sinn, éier d'entspriechend Material kaf gëtt, esou den Henri Kox.

Et ass e Projet, deen nach op den deemolege Policeminister Etienne Schneider zeréck geet: de méiglechen Asaz vun Bodycams bei Polizisten.

Zanter 2 Joer gëtt et en entspriechenden Gesetzes-Projet, mä bis ewell koumen des Kameraen nach net an den Asaz an et goufen och nach keng esou Kierper-Kameraen ugeschaaft.

De Grond ass fir de Policeminister Kox kloer: fir d'éischt muss de legislative Kader, grad wéi d'Dispositioune vum Dateschutz kloer sinn, éier d'entspriechend Material kaf gëtt.

Dës Analysen iwwert d'Benotzen vu Bodycams sinn am gaangen aktuell: ënnert anerem geet et drëms, wéi d'Donnéeë stockéiert ginn, wéi se traitéiert an nees geläscht ginn, wéi de Bierger muss informéiert ginn, datt hie gefilmt gëtt a wéi entspriechend Formatioune fir den Ëmgang mat Bodycams mussen oflafen.

Bis dës Analysen ofgeschloss sinn, kommen d'Kameraen also och net an den Asaz - och net fir e Pilot-Projet.

Dat äntwert kloer an däitlech de grénge Minister Kox op eng parlamentaresch Fro vun den CSV-Deputéierten Mosar a Gloden.