De Benoît Ochs hätt sech Froe gestallt, hätt hannerfrot, betount säin Affekot, net zum Beispill behaapt, Maske wäre gëfteg.

De Generalist Dr Benoît Ochs muss sech virum Conseil de discipline veräntwerten a riskéiert e Beruffsverbuet vun engem Joer. E Méindeg hate mer op dëser Plaz de President vum Collège médical dozou héieren.

Den Dokter kritt virgeworf Onwourechten an d'Welt gesat ze hunn an an der Pandemie géint d'Deontologie vum Medezinner verstouss ze hunn. Den Affekot vum Dokter huet sech elo ze Wuert gemellt.

Affär Dr. Ochs, Reaktioun vum Affekot / Rep. Carine Lemmer

De Maître Christian Bock, deen de Generalist vertrëtt, präziséiert, datt den Dr. Ochs net der Meenung ass, datt en e medezineschen oder deontologesche Feeler gemaach huet.

En huet probéiert, am Interêt an am gudde Wëssen a Gewëssen do ze si fir seng Patienten. An deenen déi beschtméiglech Konditiounen ze bidden, fir hir Krankheet z'iwwerstoen. Dem Dr. Ochs ass et ni drëm gaangen, fir géint de Protokoll oder d'Gesetz ze verstoussen oder soss iergendeppes. Him ass et drëm gaangen, seng Patienten ze behandelen an dat op déi gréisst méiglech effikass Aart a Weis.

Hien hätt wuel de Protokoll kritiséiert a bemängelt, datt positiv Patienten net ëmmer déi néideg Behandlung kritt hätten...

...déi gesot kruten, gitt heem, isoléiert Iech. Mir schécken Iech och nach en Test. A wann der dann net méi kënnt d'Trapen erop- an erofgoen, wann der net méi vu engem Zëmmer an dat nächst kënnt goen, wann der net méi anstänneg kënnt schwätzen, dann eréischt rufft d'Ambulanz. Da komme mer Iech sichen an da kommt der an d'Spidol.

De Benoît Ochs hätt sech Froe gestallt, hätt hannerfrot, betount säin Affekot, net zum Beispill behaapt, Maske wäre gëfteg.

Dat heescht, hien huet sech net derzou geäussert andeems e sot, déi Maske wieren effektiv toxesch. Mä en huet an engem Certificat notamment dra geschriwwen, datt Etüden am gaange wieren, fir eraus ze fannen, ob Masken en toxeschen Effekt op de Mënsch hätten.

Den Dokter kritt och eng retizent Astellung vis-a-vis vun der Impfung reprochéiert.

Den Här Dr. Ochs, an dat ass e ganz wichtege Punkt, hien ass weder e Komplottist nach en Anti-Vaxx. Den Dr Ochs mécht nach haut Vaccinatiounen. En huet jorelaang an der Médecine scolaire geschafft, seet säin Affekot Christian Bock.

Den Dr. Benoît Ochs hätt net gesot: ech si géint d'Covid-Impfung, mä gemengt, et misst ee virsiichteg sinn. Déi ganz Affär gesäit den Affekot och als politesch Prozedur fir aner Dokteren ofzeschrecken, fir datt se net a Fro stellen, wat an engem Protokoll vun uewen erof diktéiert gëtt.

D'Urteel an dëser Affär gëtt de 14. Juli gesprach. Wann et negativ fir eis sollt sinn, wäerte mer mat grousser Warscheinlechkeet an Appell goen, seet elo schonn de Maître Christian Bock.